Stroossen huet sech kloer géint Rouspert behaapt. Rodange huet zu Wolz mat 1:3 de Kierzere gezunn.

Um Sonndeg war d'Suite vum 15. Spilldag an der BGL Ligue. D'Partie Nidderkuer géint Hesper gouf wéinst dem schlechten Zoustand vum Terrain ofgesot.

Stroossen huet sech doheem mat 4:1 géint Rouspert behaapt. D'Gäscht ware besser an de Match gestart, konnten éischt Chancen awer net notzen. Nom Gol duerch den Albuquerque an der 30. Minutt war Stroossen bis an d'Paus iwwerleeën. Och nom Téi war d'Heemekipp dominant an de Vova huet an der 53. Minutt op 2:0 erhéicht. Et war d'Virentscheedung an der Partie, déi verdéngt vu Stroossen gewonne gouf. An der Schlussphas sinn op béide Säiten nach Goler gefall. De Steinbach hat op 1:2 verkierzt. De Perez huet 6 Minutte méi spéit d'Avance vun 2 Goler nees hiergestallt. De 4:1 gouf vum Myre markéiert.

Wolz huet mat 3:1 géint Rodange d'Iwwerhand behalen. Wolz war am Ufank vun der Partie déi besser Ekipp an ass verdéngt duerch de Saidi a Féierung gaangen. Rodange ass dono awer besser an de Match komm a konnt kuerz virun duerch de Galvanelli ausgläichen. No der Paus war d'Heemekipp nees besser an de Gorny huet seng Faarwen no engem Eelefmeter mat 2:1 a Féierung bruecht. De Saidi huet mat sengem 2. Gol den Deckel op d'Partie gemaach.

Méi spéit gouf et déi 1. Victoire vun der Saison fir Monnerech zu Munneref. D'Partie Fola géint Beetebuerg huet wéinst enger Blessur vum Escher Golkipp Cabral 25 Minutte missen ënnerbrach ginn. Um Enn hunn d'Gäscht sech mat 2:0 duerchgesat.

Um Samschdeg hat Déifferdeng am Spëtzematch déi éischt Néierlag vun der Saison géint de Racing agestach.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Stroossen - Rouspert 4:1
1:0 Nogueira Albuquerque De Souza (30'), 2:0 Da Cruz (Vova) (53'), 2:1 Steinbach (80'), 3:1 Perez (86'), 4:1 Myre (90+1')

Wolz - Rodange 3:1
1:0 Saidi (15'), 1:1 Galvanelli (45'), 2:1 Gorny (66', Eelefmeter), 3:1 Saidi (80')

Munneref - Monnerech 0:2
0:1 Touré (77'), 0:2 Amadei (86')

Fola - Beetebuerg 0:2
0:1 Dos Santos Gomes (4'), 0:2 Couto Pinto (85')

D'Tabell