D'Ungarin huet an hirer Karriär insgesamt 10 olympesch Medailen am Konschtturne gewonnen, dorënner fënnefmol Gold.

Nieft hirem Succès als Athleetin war der Agnes Keleti hiert Liewen allerdéngs och gepräägt vun de Verbrieche vun den Nazie wärend dem Zweete Weltkrich. Well si Jüddin war, gouf si 1940 aus hirem Turnveräin ausgeschloss. Wéi Ungarn 1944 vun Däitschland occupéiert gouf, huet d'Keleti mussen ënnerdauchen. Ënnert enger gefälschter Identitéit huet si an engem Duerf als Mod geschafft. Hire Papp a weider Familljemembere goufen zu Auschwitz ermort.

Wochen nom anti-sowjeteschen ungaresche Volleksopstand 1956 huet d'Agnes Keleti du bei den Olympesche Spiller zu Melbourne an Australien véier Gold- an zwou Sëlwermedaile gewonnen. Si ass no de Spiller awer net zeréck an Ungarn gaangen, mä huet sech an Israel néiergelooss, wou si sech bestuet huet an zwee Kanner krut. Hei ass si och Trainerin vun der israeelescher Turn-Nationalekipp ginn.