Nationale FuttballDe Mickael Almeida Pinto gëtt neien Trainer vum F91 Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den Tabellenzweete vun der BGL Ligue sech vum Marco Martino getrennt huet, gouf elo en neien Trainer fonnt.
© RTL

Deemno wäert de Mickael Almeida Pinto, dee schonn als Co-Trainer vum Carlos Fangueiro an der Forge du Sud aktiv war, de Poste vum Cheftrainer iwwerhuelen. Assistéiert gëtt den 32 Joer jonke Mickael Almeida Pinto vum Claudio Lombardelli a vum Jonathan Joubert.

Ënnerschiddlech Visiounen: F91 Diddeleng trennt sech vu sengem Trainer Marco Martino

Back to Top
CIM LOGO