No Trainingsaccident
Schifuerer Cyprien Sarrazin huet Intensivstatioun nees verlooss

© SID/JOEL SAGET
Dat mellt déi franséisch Schifederatioun FFS. Den 30 Joer ale Sarrazin hat de 27. Dezember wärend engem Training eng schwéier Chute.
E Freideg gëtt hien aus dem italieenesche Sondalo an den neuro-chirurgeschen Departement vun der Médipole-Klinik zu Lyon transferéiert. Säi Gesondheetszoustand wier "stabil", heescht et vu sengem Ekippen-Dokter Stéphane Bulle.
Bei senger Chute wärend dem Ofschlosstraining fir d'Descente beim Schi-Alpin-Weltcup am italieenesche Bormio hat sech de Vizeweltmeeschter vu leschtem Joer ënner anerem eng Gehierbluddung zougezunn. Wéini hien nees op d'Pist kann, ass den Ament nach net gewosst.
Am meeschte gelies