D'Joer 2025 huet sportlech esou munches ze bidden. Eng Auswiel vun nationalen an internationalen Highlighten hu mir fir Iech zesummegefaasst.

Och am Joer no den Olympesche Spiller dierft am nationalen an internationale Sport keng Langweil opkommen. Direkt an den éischte Méint vum Joer gëtt et mat der Cyclocross-WM Medailechancë fir Lëtzebuerg. Am Februar huet d'Basketnationalekipp vun den Dammen déi historesch Chance, sech fir d'EM ze qualifizéieren. Fir d'Rugby-Nationalekipp vun den Häre geet d'Aventure an der Europe Trophy weider. An an de Summerméint waarden dann d'Spiller vun de klengen europäesche Staaten an Andorra, d'World Games zu Chengdu a China an d'Universiade am Rhein-Ruhr-Gebitt op d'Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler. An am Hierscht waart an der Futtball-WM-Qualifikatioun mat Däitschland oder Italien eng vun de grousse Futtballnatiounen op d'Rout Léiwen.

Januar

Schisprangen: Véierschanzentournée - 2. Sprangen zu Garmisch-Partenkirchen an Däitschland (01.01.)

Darts: Weltmeeschterschaft Finall zu London (bis den 03.01.)

Schisprangen: Véierschanzentournée - 3. Sprangen zu Innsbruck an Éisträich (04.01.)

Motorsport: Rallye Dakar a Saudi-Arabien (03.01. - 17.01.)
 
Schisprangen: Véierschanzentournée - 4. Sprangen zu Bischofshofen an Éisträich (06.01.)

Cyclocross: Championnat zu Leideleng (12.01.)

Tennis: Australian Open zu Melbourne an Australien (12.01. - 26.01.)

Handball: Weltmeeschterschaft vun den Hären a Kroatien, Dänemark an Norwegen (14.01 - 02.02.)

Liichtathletik: CMCM Indoor Meeting an der Coque (19.01.)

Tennis: ITF Luxembourg Open Esch (19.01. - 26.01.)

Automobilsport: WRC Rally: Start vun der neier Saison Rallye Monte-Carlo (Lëtzebuerger Grégoire Munster Wierkspilot bei M-Sport) (23.01. - 26.01.)

Schwammen: Euro Meet an der Coque (31.01. - 02.02.)

Vëlossport*: Cyclocross-WM zu Liévin a Frankräich (31.01. - 02.02.)

Februar
Tennis: Davis Cup, Litauen-Lëtzebuerg an der Coque (01.02. - 02.02.)

Wantersport: Schi-Alpin-Weltmeeschterschaft zu Saalbach an Éisträich (04.02. - 16.02.)

Basketball: EM-Qualifikatioun Dammen, Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg (06.02.)

Basketball: EM-Qualifikatioun Dammen, Montenegro-Lëtzebuerg (09.02.)

American Football: Super Bowl zu New Orleans an den USA (09.02.)

Wantersport: Biathlon-WM zu Lenzerheide an der Schwäiz (12.02. - 23.02.)

Basketball: WM-Prequalifikatioun Hären, Norwegen-Lëtzebuerg (20.02.)

Futtball: Nations League Dammen, Lëtzebuerg-Kasachstan (21.02.)

Liichtathletik: Indoor-Championnat an der Coque (23.02.)

Futtball: Nations League Dammen, Lëtzebuerg-Lichtenstein (25.02.)

Mäerz

Vëlossport: Omloop Het Nieuwesblad (01.03.)

MotoGP: Start vun der Saison mam Grousse Präis vun Thailand (02.03.)

Liichtathletik: Indoor-EM zu Apeldoorn an Holland (06.03. - 09.03.)

Volleyball: Final Four an der Coupe (06.03 - 09.03.)

Handball: EM-Qualifikatioun Dammen, Lëtzebuerg-Zypern a Lëtzebuerg-Belsch (07.03. - 09.03.)

Rugby: Europe Trophy Hären, Tschechien-Lëtzebuerg (08.03.)

Special Olympics: Weltwanterspiller zu Turin an Italien (08.03. - 15.03.)

Vëlossport: Strade Bianche (08.03.)

Vëlossport: Paris-Nice (09.03. - 16.03.)

Vëlossport: Tirreno-Adriatico (10.03. - 16.03.)

Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Belsch (12.03.)

Basketball: Finall Coupe de Luxembourg a Coupe des Dames an der Coque (15.03. - 16.03.)

Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Belsch-Lëtzebuerg (16.03.)

Automobilsport: Formel 1**: Start vun der neier Saison mam Grousse Präis vun Australien (16.03.)

Liichtathletik: Indoor-Weltmeeschterschaft zu Nanjing a China (21.03. - 23.03)

Vëlossport: Mailand-Sanremo (22.03.)

Dëschtennis: Eenzel-Championnat an der Coque (22.03 - 23.03)

Vëlossport: E3 Saxo Classic (28.03.)

Rugby: Europe Trophy Hären, Lëtzebuerg-Schweden (29.03.)

Vëlossport: Gent-Wevelgem (30.03.)

Abrëll

Vëlossport: A Travers la Flandre (02.04.)

Futtball: Nations League Dammen, Armenien-Lëtzebuerg (04.04.)

Rugby: Europe Trophy Hären, Lëtzebuerg-Polen (05.04.)

Dëschtennis: Coupe Halleffinallen a Finall an der Coque (05.04. - 06.04.)

Vëlossport: Tour des Flandres (06.04.)

Futtball: Nations League Dammen, Lichtenstein-Lëtzebuerg (08.04.)

Basketball: Start Finallserie LBBL (Best-of-Five) Dammen (12.04 - 13.04.)

Vëlossport: Paris-Roubaix (13.04.)

Akrobatik: Europameeschterschaft Junioren a Senioren an der Coque (16.04. - 20.04.)

Basketball: Start Finallserie (Best-of-Five) LBBL Hären (18.04. - 19.04.)

Basketball: Optakt vun den NBA-Playoffs (19.04.)

Vëlossport: Amstel Gold Race (20.04.)

Automobilsport: Biergcourse zu Luerenzweiler (20.04. - 21.04.)

Vëlossport: Flèche Wallonne (23.04.)

Handball: Final Four Coupe an der Coque (24.04 - 27.04.)

Liichtathletik: Optakt vun der Diamond League zu Xiamen a China (26.04.)

Volleyball: Start Finallserie Novotel League (26.04. - 27.04)

Liichtathletik: DKV Urban Trail (26.04. - 27.04.)

Vëlossport: Léck-Baaschtnech-Léck (27.04.)

Dëschtennis: Optakt vun der Finallserie (27.04.)

Mee
Automobilsport: Biergcourse zu Eschduerf (03.05. - 04.05.)

Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Tschechien (07.05.)

Äishockey: Weltmeeschterschaft a Schweden (09.05. - 25.05.)

Vëlossport: Giro d'Italia (09.05. - 01.06.)

Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Kroatien-Lëtzebuerg (11.05.)

Dëschtennis-Weltmeeschterschaft zu Doha am Katar (17.05. - 25.05.)

Futtball: Finall Europa League zu Bilbao a Spuenien (21.05.)

Futtball: Finall Champions League vun den Dammen zu Lissabon a Portugal (24.05.)

Futtball: Leschte Spilldag an der BGL Ligue (25.05.)

Tennis: French Open zu Paräis (25.05. - 08.06.)

Spiller vun de klengen europäesche Staaten an Andorra (26.05. - 31.05.)

Vëlossport: Flèche du Sud (28.05 - 01.06.)

Futtball: Finall Coupe de Luxembourg (Hären) (29.05.)

Futtball: Nations League Dammen, Lëtzebuerg-Armenien (30.05.)

Futtball: Finall Champions League zu München an Däitschland (31.05.)

Liichtathletik: ING Nuetsmarathon (31.05.)

Handball: Leschte Spilldag Axa League (31.05.)

Juni

Futtball: UEFA Nations League Final Four an Italien oder Däitschland (04.06. - 08.06.)

Basketball: Start NBA-Finals (05.06.)

Basketball: Europameeschterschaft vun den Dammen an Däitschland, Tschechien, Griichenland an Italien (18.06. - 29.06.)

Futtball: Nations League Dammen, Kasachstan-Lëtzebuerg (03.06.)

Tennis: Wimbledon zu London (30.06. - 13.07.)

Juli

Futtball: Europameeschterschaft vun den Dammen an der Schwäiz (02.07. - 27.07.)

Vëlossport: Tour de France (05.07. - 27.07.)

Schwammen: Weltmeeschterschaft zu Singapur (11.07. - 03.08.)

Automobilsport: Rallye Lëtzebuerg (11.07. - 12.07.)

Triathlon: Ironman 70.3 zu Réimech (13.07.)

Summeruniversiade an Däitschland (Rhein-Ruhr-Regioun) (16.07. - 27.07.)

Vëlossport: Tour de France Femmes (26.07. - 03.08.)

August

World Games zu Chengdu a China (07.07. - 17.08.)

Vëlossport: Vuelta à Espana (23.08. - 14.09.)

Tennis: US Open zu New York (25.08. - 07.09.)

September

Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Nordirland (04.09.)

Liichtathletik: Escher Kulturlaf (06.09.)

Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Slowakei (07.09.)

Liichtathletik: Weltmeeschterschaft zu Tokio a Japan (13.09. - 21.09.)

Vëlossport: Weltmeeschterschaft op der Strooss zu Kigali a Ruanda (21.09. - 28.09.)

Vëlossport: Skoda Tour de Luxembourg (17.09 - 21.09.)

Liichtathletik: Route de Vin (28.09.)

Oktober

Liichtathletik: Walfer Vollekslaf (05.10.)

Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Däitschland/Italien-Lëtzebuerg (10.10.)

Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Slowakei-Lëtzebuerg (13.10.)

Dëschtennis: Europameeschterschaft zu Zadar a Kroatien (12.10. - 19.10.)

November
Tennis: WTA-Finals Zu Riyadh a Saudi-Arabien (01.11. - 08.11.)

Tennis: ATP-Finals zu Turin an Italien (09.11. - 16.11.)

Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Däitschland/Italien (14.11.)

Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Nordirland-Lëtzebuerg (17.11.)

Automobilsport: WRC Rally: Lescht Course vun der Saison Rally Saudi Arabia (27.11. - 30.11.)

Handball: Weltmeeschterschaft vun den Dammen an Däitschland an an Holland (27.11. - 14.12.)

Dezember
Automobilsport: Formel 1: Lescht Course vun der Saison Grousse Präis vun Abu Dhabi (07.12.)

Darts: Weltmeeschterschaft zu London (15.12.2024 - 03.01.2026)

Schisprangen: Start vun der Véierschanzentournée zu Oberstdorf (Enn Dezember)

Stand: 03. Januar 2025.

*Och dëst Joer ass RTL nees bei enger ganzer Partie Vëloscoursse live mat dobäi. Ënnert anerem bei de Klassiker a beim Tour de France.

**Déi komplett Formel-1-Saison kënnt Dir nees live op RTL ZWEE, op RTL.lu an op RTL Play suivéieren.