Virun der Wanterpaus gouf driwwer spekuléiert an elo ass et offiziell: De Jérôme Henrionnet ass net méi den Trainer vun den Dammen.

Wéi de Swift Hesper en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt huet, huet sech de Veräin wéinst Onstëmmegkeete vum Trainer Jérôme Henrionnet a sengem Staff David Bordus an Daniel Neyken getrennt. D'Dammenekipp gëtt vun elo u vum Dan Kontz, zesumme mam Fränz Novak a Levan Portshide trainéiert.

Am Championnat steet de Swift no 12 Spilldeeg mat 32 Punkten op der 2. Plaz, dat mat zwee Punkten hannert dem Tabelleleader Racing.