"Zil ass et, sech an den Top 8 ze placéieren"
Eng Sportaart, déi gutt an dës kal Joreszäit passt, ass den Äishockey. E Mëttwoch war d'Reprise vum Lëtzebuerger Championnat.
Op der Kockelscheier krut et Tornado Lëtzebuerg mat de Grands Ducs ze dinn. Zwou Ekippen, déi deem nämmlechte Veräin ugehéieren, woubäi och eng Ekipp dovun am franséische Championnat matspillt.
Déi zwee grouss Veräiner am Lëtzebuerger Äishockey-Championnat sinn d’Beefort Knights an Tornado Lëtzebuerg. Déi Leschtgenannten hu sechs Ekippen, déi si ënnert dem Numm Tornado am Grand-Duché an der 1. an 2. Divisioun regruppéieren. Dozou gehéieren ënner anerem d'Puckers an eben och d'Grands Ducs.
De Gros vun deene sechs sinn éischter Hobby-Ekippen. Den Tornado spillt awer dogéint och am franséische Championnat. Déi lescht Saison hat d’Ekipp vun der Kockelscheier d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht aus der drëtter an déi zweet Divisioun opzesteigen. Véier Spilldeeg virun de Playoffs steet d’Ekipp vum Trainer Christer Eriksson guer net sou schlecht do.
"Mir mierken, datt dat awer schonn een aneren Niveau ass. Den Niveau ass semi-professionell a mir als Amateur-Club versichen do, esou gutt wéi méiglech matzehalen. D'Zil ass et, sech an der Liga vun 10 Ekippen an den Top 8 ze placéieren, fir Play-Off ze spillen. Mat eiser 7. Plaz si mir momentan extreem zefridden. D'Zil war et, an der 2. Divisioun dran ze bleiwen. Wann et sou bleift, wéi et am Moment ausgesäit, da si mer zefridde mat der Saison", sou de Patrick Schon, President vun Tornado Lëtzebuerg.
No engem manner gudde Start an déi nei Saison, huet sech Tornado Lëtzebuerg dunn awer gefaangen. Dat och well eng nei Ekipp huet missen zesummegestallt ginn. Och fir d’Zukunft wëll sech de Veräin vun der Kockelscheier beschtméiglech opstellen. Dofir ginn et och Iwwerleeungen, fir eng zweet Ekipp vum Tornado op d’Been ze stellen.
"Mir hu momentan de Luxus zu Lëtzebuerg, datt mir vill Nowuess hunn. Mir hu vill Spiller am Alter vu 16, 17, 18, déi villäicht nach net den Niveau hunn, fir kënne beim Tornado matzespillen. Mee villäicht awer an Zukunft. Fir déi da lues erunzebréngen, versiche mer eventuell eng zweet kompetitiv Ekipp, also eng zweet Tornado-Ekipp op d'Been ze stellen, déi dann eventuell am franséischen oder am belsche Championnat géif matspillen", sou nach de Patrick Schon.
E Mëttwoch gouf et eng däitlech 16:0-Victoire géint Grands Ducs. E Samschdeg heescht de Géigner da Reims. An da wëll een och am franséische Championnat déi éischt Victoire virun dem eegene Public feieren.