Am FA Cup sti Chelsea a Manchester City an den Aachtelsfinallen

© AFP
An Italien gouf et am Derby della Mole tëscht dem FC Turin an Juventus Turin kee Gewënner.
An der däitscher Bundesliga war et d'Suite vum 16. Spilldag, hei huet sech ënnert anerem Frankfurt a Freiburg duerchgesat. Am Owesmatch konnt Bayern sech géint Gladbach duerchsetzen. De kompletten Iwwerbléck vun der Bundesliga fannt dir hei.
FA-Cup
An der drëtter Ronn vum FA Cup huet sech ënnert anerem Wolverhampton Wanderers géint City Bristol konnte mat 2:1 duerchsetzen. Liverpool, aktuell Leader an der Premier League, huet sech souverän géint Accrington mat 4:0 duerchgesat a steet domat genau esou wéi Leicester (6:2 géint QPR) a Chelsea (5:2 géint Morecambe) an der nächster Ronn.
Manchester City huet sech um Samschdeg den Owend bei der 8:0-Victoire géint Salford souverän fir de nächsten Tour qualifizéiert.
Eng grouss Iwwerraschung gouf et zu Brentford. D'Ekipp aus der Premier League muss sech mat 0:1 géint Plymouth Argyle geschloe ginn.
Um Sonndeg spillt dann nach Arsenal London géint Manchester United.
Serie A
Udinese Calcio - Atalanta Bergamo 0:0
Tëscht Udinese Calcio an Atalanta Bergamo ass kee Gol gefall. Domat léisst Bergamo am Meschterschaftskampf wichteg Punkte leien. Aktuell leit Bergamo no 19. Spilldeeg 2 Punkte hannert Neapel an der Tabell.
FC Turin - Juventus Turin 1:1
0:1 Yildiz (8'), 1:1 Vlasic (45+1')
Am Derby della Mole tëscht dem FC Turin an Juventus Turin gouf et kee Gewënner. D'Gäscht sinn a Persoun vum Yildiz wuel fréi a Féierung gaangen, konnten dësen Avantage awer net ausnotzen an hunn an der Suite an der Offensiv ze wéineg investéiert. D'Lokalekipp huet hirersäits méi fir de Match gemaach, an huet sech verdengtermoossen 1 Punkt erkämpft. An der zweeter Hallschent ass et och nieft dem Terrain ferm hier gaangen, béid Traineren hunn de Match ab der 56. Minutt vun der Tribün aus misse verfollegen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Stade Brest - Olympique Lyon 2:1
1:0 Camara (8'), 2:0 Ajorque (25'), 2:1 Veretout (45+2')
Brest ka sech doheem mat 2:1 géint Lyon duerchsetzen a sammelt domat wichteg Punkte fir sech am Mëttelfeld vun der Ligue 1 festzesetzen. Lyon iwwerdeems verpasst et domat op déi 3. Plaz ze sprangen a steet elo op der 6. Plaz, 2 Punkten hannert Nice, déi mat 4:2 zu Reims gewonnen hunn.
Stade Reims - OGC Nizza 2:4
0:1 Guessand (28'), 1:1 Ito (34'), 1:2 Laborde (44'), 1:3 Laborde (64'), 2:3 Diakhon (71'), 2:4 Abdi (86')
Reims huet sech iwwer 90 Minutten ni opginn, muss sech no enger kämpferescher Leeschtung um Enn awer mat 2:4 géint Nice geschloe ginn. Den OGC leit an der Tabell op der 4. Plaz.