Fir de Fransous ass et déi drëtte Victoire an dëser Saison. Bei den Dammen huet d'Lindsey Vonn hiren Descente-Comeback gefeiert.

Am Schi Alpin huet de Fransous Clement Noel de Weltcup-Slalom zu Adelboden an der Schwäiz viru ronn 25.000 Spectateuren mat knappen 0.02 Sekonne virum Brasilianer Pinheiro Braathen gewonnen. Op déi drëtte Plaz fiert mat engem Réckstand vun 0.14 Sekonnen den Henrik Kristoffersen.

Bei den Damme gouf um Samschdeg de Moien Descente zu St. Anton gefuer. Dobäi ass d'Lindsey Vonn bei der éischter Descente no 6 Joer direkt op déi gutt 6. Plaz gefuer a weist der Konkurrenz dass d'US Amerikanerin och mat 40 Joer weider zu de beschte Schi-Fuererinne geheiert. Gewonnen huet zu St. Anton an Éisträich d' Federica Brignone aus Italien virun der Schwäizerin Malorie Blanc an der Tschechin Ester Ledecká.

Beim Biathlon-Weltcup zu Oberhof an Däitschland huet an der Poursuite iwwer 10 Kilometer bei den Dammen d'Lou Jeanmonnot aus Frankräich virun der Norwegerin Maren Kirkeeide gewonnen. Op déi drëtte Plaz fiert d'Schweedin Elvira Öberg.

Bei den Hären hunn um Samschdeg d'Norweger d'Poursuite iwwer 12.5 Kilometer zu Oberhof dominéiert. Sou gewënnt de Sturla Holm Laegreid mat 5.20 Sekonne Virsprong virum Tarjei Bö an 19 Sekonne virum Johannes Thingnes Bö.