Am Dammen-Handball ass d’Wanterpaus eriwwer. Diddeleng bleift nom 36:21 géint Déifferdeng weider ongeschloen.

Resumé Diddeleng - Red Boys / Reportage Serge Olmo

Eigentlech hat d’Affiche Diddeleng géint Déifferdeng, den aktuellen Tabelleleader géint den Tabellendrëtten, e spannende Match versprach. Mee wéi schonn am leschte Match am Dezember konnt Diddeleng d’Iwwerhand behalen – an dës Kéier mat däitlechem Ofstand. No 60 Minutte stoung et am Nodrosmatch aus dem Oktober 36:21 fir den HBD.

Der Lokalekipp war net unzemierken, dass si 4 spillfräi Wochen hat. Diddeleng ass de Match wéi gewinnt mat vollem Elan ugaangen a louch no 9 Minutten 9:2 vir, wat den Déifferdenger Trainer Michel Scheuren zu enger fréier Auszäit gezwongen huet. Mee och duerno huet et gewierkt, wéi wann Déifferdeng nach am Wanterschlof wär. Technesch Feeler an onprezis Schëss op den Diddelenger Gol gouf et ze dacks.

Diddeleng hat schonn no 13 Minutten eng Avance vun 10 Goler an huet dës bis an d’Paus (18:8) behalen. 
Den HBD huet de Match och am zweeten Duerchgang routinéiert weidergespillt an Déifferdeng ni d’Chance ginn, fir nach eng Kéier zeréckzekommen. D‘Gäscht ronderëm d'Kapitänin Lola Scheuren hunn an den zweeten 30 Minutte wuel méi Goler geschoss, hunn awer ni zu hirem übleche geféierleche Spill fonnt a si méi wéi eng Kéier un der Diddelenger Golkippesch hänke bliwwen. Doru konnten och déi 8 Goler vun der Sarah Kupke näischt änneren. Och d’Sharon Dickes vum HBD koum op 8 Goler.

Um Enn gewanne Kim Wirtz a Co däitlech 36:21 a bleiwen ongeschloen un der Tabellespëtzt. Den HBD huet elo 2 Punkte Virsprong op den Zweete Käerjeng. Déifferdeng ass weiderhin Drëtten, huet awer schonn 8 Punkte Réckstand an ass punktgläich mam HB Esch. Nächste Weekend sinn dann nees alleguer d’Dammen-Ekippen am Asaz.

Axa League Dammen