Um Freideg stoungen an der Coque um Kierchbierg d'Finallen an der Coupe FLBB um Programm.

Virun 1.100 Spectatueren am Gymnase vun der Coque ware béid Finallen enorm spannend. 
 
Bei den Damme gëtt de Coupe-FLBB-Titel tëschent de Veräiner aus der Nationale 2 ausgespillt. Genee wéi d'lescht Joer stounge sech an der Finall de Black Star Miersch an d'Black Frogs Schieren géintiwwer. No enger spannender Schlussphas setzt sech Miersch 55:53 duerch.

Bei den Hären ass dës Coupe fir d'Ekippen aus der Nationale 3 reservéiert. D'B-Ekippe vun der Arantia Fiels an dem Racing Lëtzebuerg hu sech näischt geschenkt, um Enn wënnt d'Fiels mat 70:67.

RTL

© RTL Mobile Reporter

Um Samschdeg a Sonndeg ginn d'Halleffinallen am Lalux Ladies Cup souwéi an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg gespillt. D'Partië kënnt Dir déi zwee Deeg am Livestream op RTL.lu kucken.