D'Dammennationalekipp spillt am Februar déi lescht zwee Matcher vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025, 13 Spillerinne stinn am Kader.

Um Méindeg de Moien huet d'FLBB de Kader publizéiert. Net mat dobäi ass d'Ehis Etute, d'Spillerin ass an den USA fir d'Oregon Ducks aktiv an et war gewosst, dass si fir béid Matcher am Februar net disponibel wier, esou d'Federatioun. D'Amanda Cahill vum Gréngewald wäert Lëtzebuerg als agebiergert Spillerin verstäerken, esou wéi schonn am November.

Vun der Sportspress gouf d'FLBB-Selektioun zur Ekipp vum Joer 2024 gewielt, et steet eng historesch Chance um Programm. Lëtzebuerg reest als Gruppenéischten am Grupp H a Bosnien (6. Februar) an an de Montenegro (9. Februar), béid Matcher gi live op RTL.lu gestreamt. Niewent den aacht Gruppenéischte qualifizéiere sech och déi véier bescht Gruppenzweet fir d'Europameeschterschaft 2025, déi an Italien, Däitschland, Griicheland an Tschechien gespillt gëtt, dat vum 18. bis den 29. Juni.

Fir Lëtzebuerg steet deemno fest, dass ee sech mat zwou Victoirë sécher fir d'EM qualifizéiert, awer och eng Victoire kéint duergoen, fir den historesche Coup ze realiséieren.

De Kader am Iwwerbléck

Bidinger Charlie (AB Conter)
Cahill Amanda (Gréngewald Hueschtert)
Etute Isi (T71 Diddeleng)
Hämäläinen Isa (Amicale Steesel)
Hetting Lisy (Gréngewald Hueschtert)
Irthum Laurie (Heidelberg, Däitschland)
Mersch Lena (Sparta Bartréng)
Meynadier Magaly (Saarlouis, Däitschland)
Nurenberg Svenia (T71 Diddeleng)
Simon Anne (San Martino, Italien)
Skrijelj Esmeralda (AB Conter)
Irthum Liz (BK Duchess, Éisträich)
Coulon Kyra (Basket Esch)

All Resultater a Matcher vun der Lëtzebuerger Ekipp:

Schwäiz - Lëtzebuerg 48:56
Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina 77:64
Lëtzebuerg - Montenegro 71:49
Lëtzebuerg - Schwäiz 44:59
6. Februar 2025: Bosnien Herzegowina - Lëtzebuerg
9. Februar 2025: Montenegro - Lëtzebuerg

Tabell am Grupp H

1. Lëtzebuerg (4 Matcher / 7 Punkten)
2. Montenegro (4 / 7)
3. Schwäiz (4 / 6)
4. Bosnien-Herzegowina (4/4)