Patrizia van der Weken mécht weidere Schrëtt a Richtung Weltspëtzt
Zwee national Rekorder, eng Joresweltbeschtleeschtung, ee Meetingsrekord, ee Standing Ovation, all dëst dréit d'Ënnerschreift vum Patrizia Van der Weken.
Dem Organisateur no waren et 2.576 Spectateuren, déi erlieft hunn, wéi d'Patrizia van der Weken mat engem Chrono vu siwe Sekonnen a siwen Honnertstel e weidere Schrëtt an d'Direktioun Weltspëtzt gemaach huet. Dobäi ass
et eréischt den Ufank vun der Saison an de Fokus läit op der Indoor-Europameeschterschaft Ugangs Mäerz an Holland.
Fir zu Apeldoorn kënnen derbäi ze sinn, muss de Vivien Henz sech nach qualifizéieren. Dem jonken Athleet säin Optrëtt war iwwerzeegend, dat mat engem neien U23-Rekord an enger Verbesserung vun der perséinlecher Beschtzäit ëm ronn dräi Sekonnen op den 1500 Meter. Och säin Trainingspartner, keen anere wéi de Charel Grethen, ass erëm um Wee no uewen.
Dem Mathis Espagnet ass d'Qualifikatioun fir d'U23-Europameeschterschaft gelongen, an dat op den 800 Meter. Den internationale Meeting hat an allen Disciplinnen héichkarätegen Niveau. D'Zuele schwätze fir sech. Et goufen 12 Meetingsrekorder opgestallt, zwee U23-Europarekorder a sechs Joresweltbeschtleeschtungen, obschonn een dëst e bësse muss relativéieren, well et eréischt de Saisonsoptakt ass.
Wéi och ëmmer, et war Liichtathletik vum Allerfeinsten, déi gëschter an der Coque gebuede gouf.