De fréiere Profi souz nëmme siwe Méint op der Trainerbänk.

De Sportdirekter vun der giel-schwaarzer Borussia Sebastian Kehl huet de Spiller an der Nuecht op e Mëttwoch matgedeelt, datt ee sech vum Nuri Sahin trennt. Dëst Joer gouf et bis ewell véier Néierlagen um Stéck fir Dortmund, dat en Dënschdeg den Owend beim 1:2 géint Bologna an der Champions League, de Weekend beim 0:2 géint Frankfurt an déi Woche virdru beim 2:4 géint Kiel an dem 2:3 géint Leverkusen an der Bundesliga.

An der Bundesliga-Tabell steet Dortmund aktuell op der 10. Plaz mat 25 Punkten. Op den éischte Bayern huet een 20 Punkte Retard an op déi sécher international Plazen der 3. 11 Punkten Avance sinn et op d'Relegatioun. An der Champions League steet Dortmund no 7 vun 8 Matcher op der 13. Plaz a wier domadder fir d'Playoffs qualifizéiert. Si géifen also zu deenen Ekippe gehéieren, déi sech net direkt fir d'KO-Phas qualifizéiert hunn.

Den Nuri Sahin war nëmme siwe Méint Trainer vu Borussia Dortmund.

Wéi Dortmund e Mëttwoch am spéide Moie bekannt ginn huet, wäert de Mike Tullberg den Interim am Bundesligamatch e Samschdeg géint Werder Bremen maachen. Den 39 Joer alen Dän trainéiert zanter 2020 d'U19 vum BVB, virdru war hien ee Joer Trainer vun der U23 vun de Schwaarz-Gielen.

Wéi d'Bild schreift, wier den Nico Kovac aktuell Favorit op de Poste beim Veräin aus dem Ruhrpott.