Sinner an Swiatek ouni Problemer an der Halleffinall

© AFP
E Mëttwoch war d'Suite vun de Véierelsfinalle vun den Australian Open, dat bei den Hären an den Dammen.
Bei den Häre konnt sech de Ben Shelton mat 6:4, 7:5, 4:6 a 7:6 géint den Italieener Lorenzo Sonego duerchsetzen. Domat steet den US-Amerikaner an der Halleffinall an do kritt hien et mat deem nächsten Italieener ze dinn. De Jannik Sinner, d'Nummer 1 op der Welt, hat bei der klorer Victoire géint de Lokalmatador Alex De Minaur keng gréisser Probleemer an dierft och an der Halleffinall favoriséiert sinn. An der zweeter Halleffinall sti sech jo den Novak Djokovic an den Alexander Zverev géigeniwwer.
Och bei den Damme goufen e Mëttwoch nach zwou Véierelsfinalle gespillt. D'Iga Swiatek aus Polen spillt weider richteg staarken Tennis an huet och mam Emma Navarro aus den USA kuerze Prozess gemaach. An der Ronn vun de leschte 4 muss si elo géint d'Madison Keys untrieden. D'US-Amerikanerin huet eng spannend an enk Partie géint d'Elina Svitolina aus der Ukrain fir sech entscheet. An där zweeter Halleffinall kënnt et zum Duell tëscht dem Aryna Sabalenka an dem Paula Badosa.