No enger flotter 2. Hallschent, huet Paräis en 0:2-Réckstand gedréint an um Enn nach 4:2 géint Manchester City gewonnen.

Um Mëttwoch Owend war d'Suite vum 7. Spilldag an der Champions League.

No enger 1. Hallschent op niddregem Niveau hu PSG a ManCity sech gesteigert. Fir d'éischt konnten d'Englänner 2 Goler markéieren. D'Fransousen hunn awer reagéiert a konnten de Match nach komplett dréinen. Um Enn goung de Match mat 4:2 un d'Heemekipp. PSG ka sech elo berechtegt Hoffnunge maachen, fir sech fir de Playoff ze qualifizéieren. Manchester City steet den Ament just op der 25. Plaz a muss de leschte Match gewannen, fir den direkten Out ze evitéieren.

Champions-League-Resumé vum Guy Seyler

Déi gréisst Iwwerraschung koum awer vu Rotterdam. Feyenoord huet Bayern München mat 3:0 geklappt. Béid Ekippe sinn domadder sécher am Playoff. Fir Bayern gëtt et schwéier, sech direkt fir d'Aachtelsfinall ze qualifizéieren.

Arsenal a béid Mailänner Clibb hunn no Victoirë géint Zagreb, Sparta Prag a Girona gutt Chancë fir d'Qualifikatioun fir d'Aachtelsfinall direkt ze packen.

Salzburg huet donieft beim Real héich mat 1:5 verluer. Celtic konnt 1:0 géint Bern gewannen.

Am fréien Owend krut Leipzig déi éischt 3 Punkte géint Sporting. Donezk kann no der 2:0-Victoire géint Brest nach op d'Qualifikatioun fir de Playoff hoffen.

Weider Detailer zu de Matcher

PSG - Manchester City 4:2
0:1 Grealish (50'), 0:2 Haaland (52'), 1:2 Dembélé (56'), 2:2 Barcola (60'), 3:2 Neves (78'), 4:2 Ramos (90+6')

D'Goler an d'Highlighte vun der Partie PSG-ManCity
Déi 6 Goler sollten all an der 2. Hallschent falen.

Fir béid Ekippe goung et am Match ëm vill an dat huet een och vun Ufank u gemierkt. Souwuel Paräis wéi och d'Gäscht waren direkt an der Partie. No 10 Minutten huet de Neves no engem Fräistouss knapp driwwer gekäppt. Op der anerer Säit ass den De Bruyne um Donnarumma hänke bliwwen.

No enger Véierelsstonn huet de Niveau vum Match awer ofgeholl an et goufen op béide Säiten eng Rei Ballverloschter. Chancë waren dowéinst rar geséint a sinn éischter no Eenzelaktiounen oder Standardsituatiounen entstanen. No knapp 26 Minutten huet de Vitinha knapp laanscht de Gol geziilt. Direkt nom nächste Corner huet de Gvardiol de Schoss vum Ruiz vun der Linn misse krazen.

PSG war méi aktiv, déi bescht Méiglechkeet virum Säitewiessel haten awer d'Gäscht. De Savinho war no engem Konter op en Neits net laanscht de Paräisser Golkipp komm. An der 45. Minutt hat den Hakimi de Ball am Filet ënnerbruecht, de Gol gouf wéinst Abseits awer annuléiert. Mam 0:0 sollt et deemno an d'Paus goen.

Déi 2. Hallschent goung direkt mat engem Héichpunkt lass. De Lewis huet sech iwwer riets duerchgesat an no engem Gewulls am Strofraum huet de Grealish den 1:0 fir ManCity markéiert.

D'Englänner hunn direkt nogeluecht a kuerz drop stoung den Haaland am Strofraum op der richteger Plaz a konnt de Virsprong verduebelen.

D'Heemekipp huet awer direkt reagéiert a konnt 3 Minutte méi spéit den 1:2-Uschlossgol markéieren. De Barcola hat sech iwwer lénks duerch d'Bascht gemaach an den Dembélé huet de Ball eragesat.

An et ass ëmmer weider gaange mat de Goler. An der 60. Minutt huet den Doué just d'Lat getraff, de Barcola huet de Noschoss awer am Gol ënnerbruecht a fir den 2:2-Ausgläich gesuergt. D'Englänner waren elo komplett vum Rullo a sinn net méi an d'Partie komm.

D'Fransouse sinn um Drécker bliwwen an hu sech déi eng oder aner Chance erausgespillt. An der 78. Minutt sollt de Neves mat sengem Kappball de Match komplett dréinen. D'Englänner ware weiderhi geschockt a konnten op de Réckstand net reagéieren.

De PSG huet näischt méi ubrenne gelooss an de Ramos huet an der Nospillzäit den Deckel op d'Partie gemaach. PSG konnt no enger gudder 2. Hallschent d'Partie dréinen an eng 4:2-Victoire feieren.

Leipzig - Sporting Lissabon 2:1
1:0 Sesko (19'), 1:1 Gyökeres (75'), 2:1 Poulsen (78')

Resumé vun der Partie Leipzig - Sporting Lissabon
Fir Leipzig gouf et déi éischt 3 Punkten an der aktueller Champions-League-Campagne.

Donezk - Brest 2:0
1:0 Kevin (18'), 2:0 Sudakov (37', Eelefmeter)

De Resumé vun der Partie Donezk - Brest
D'Ukrainer konnten d'Partie fir sech entscheeden.

Real Madrid - Salzburg 5:1
1:0 Rodrygo (23'), 2:0 Rodrygo (35'), 3:0 Mbappé (48'), 4:0 Vinicius Junior (55'), 5:0 Vinicius Junior (77'), 5:1 Bidstrup (85')

AC Mailand - Girona 1:0
1:0 Leao (37')

D'Resuméë vun de Partien AC Mailand - Girona a Real - Salzburg
Mailand an de Real si mat Victoirë hirer Favoritteroll gerecht ginn.

Arsenal - Zagreb 3:0
1:0 Rice (2'), 2:0 Havertz (66'), Ödegaard (90+1')

Celtic - Young Boys Bern 1:0
1:0 Benito (86', Selbstgol)

D'Resuméë vun de Partië Arsenal - Zagreb a Celtic - Bern
Arsenal a Celtic konnte sech iwwer 3 Punkte freeën.

Sparta Prag - Inter Mailand 0:1
0:1 Martinez (12')

Feyenoord - Bayern 3:0
1:0 Gimenez (21'), 2:0 Gimenez (45+9'), 3:0 Ueda (89')

D'Resuméë vun de Partië Prag - Inter a Feyenoord - Bayern
Rotterdam konnt fir d'Iwwerraschung suergen a Bayern klappen. Inter huet sech knapps zu Prag behaapt.


All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.