En Donneschdeg de Moie goufe bei den Australian Open d'Halleffinalle vun den Damme gespillt.

D'Nummer 1 vun der Welt an d'Nummer 14 vun der Welt wäerten an der Finall ëm den Titel spillen. D'Aryna Sabalenka huet sech an hirer Halleffinall mat 6:4 a 6:2 géint d'Paula Badosa aus Spuenien duerchgesat.

An der Finall kritt d'Spillerin aus Belarus et mam Madison Keys ze dinn. D'US-Amerikanerin hat an hirer Halleffinall awer däitlech méi Krämpes. Si huet sech mat 5:7, 6:1 a 7:6 géint d'Polin Iga Swiatek behaapt. Domat ass d'Nummer 2 vun der Welt eliminéiert.

An der Finall hofft d'Aryna Sabalenka dann hiren Titel bei den Australian Open aus deene leschten zwee Joer ze verdeedegen. Fir d'Madison Keys wier et den éischte Grand-Slam-Titel iwwerhaapt.