Hueschtert-Folscht a Berbuerg genee wéi Recken hunn hir Matcher gewonnen, sou dass et e Sonndeg zum Showdown kënnt.

Berbuerg bleift och nom 3. Spilldag am Playoff Tabelleleader, ass awer punktgläich mat Hueschtert-Folscht. Ee Punkt hannendru lauert Recken.

Um drëtte Spilldag hunn déi dräi Ekippen hir Matcher kloer gewonnen. Berbuerg huet Esch 6:2 geklappt, genee wéi Hueschtert-Folscht den Houwald. Recken huet sech beim 6:4 géint Lénger méi schwéier gedoen, um Enn awer d'Iwwerhand behalen.

E Sonndeg ass direkt den nächste Spilldag, wou déi éischt Entscheedunge fale kéinten. Et kënnt nämlech zum direkten Duell tëscht Recken an Hueschtert-Folscht. Um leschte Spilldag, deen den 8. Februar gespillt gëtt, trëfft Recken op Berbuerg.

D'Resultater am Iwwerbléck