Nottingham bleift d'Ekipp vun der Stonn an der Premier League a gewënnt 7:0 géint Brighton. Paräis huet sech géint Brest schwéier gedoen.

Bundesliga

An der Bundesliga konnt de Mike Tullberg a sengem leschte Match als BVB-Coach 3 Punkten asäckelen, wärend Bayern München Kiel keng Chance gelooss huet.

Premier League

Nottingham - Brighton 7:0
1:0 Dunk (12', Eegegol), 2:0 Gibbs-White (25'), 3:0 Wood (32'), 4:0 Wood (64'), 5:0 Wood (69', Eelefmeter), 6:0 Williams (89'), 7:0 Jota Silva (90'+1)

Nottingham bleift déi aktuell Iwwerraschungsekipp an der Premier League. D'Ekipp aus den East Midlands huet sech vun der Néierlag virun enger Woch net aus dem Tratt brénge gelooss. Géint Brighton war de Match spéitstens mam véierte Gol gelaf, och well de Wood dräi Goler bäigesteiert huet. Nottingham steet weiderhin op der 3. Plaz, hannert Liverpool an Arsenal.

Bournemouth - Liverpool 0:2
0:1 Salah (30', Eelefmeter), 0:2 Salah (75')

Liverpool géint de formstaarke Géigner Bournemouth geklappt an ass weider klore Leader. D'Reds kruten e glécklechen Eelefmeter zougesprach, deen de Salah verwandele konnt. Bournemouth war bis zu deem Moment déi besser Ekipp an hat d'Féierung um Fouss. Och am zweeten Duerchgang huet Bournemouth net opginn an op den Ausgläich gedréckt, et war awer Liverpool, dat duerch den zweete Gol vum Salah den Deckel dropmaache konnt.

Newcastle - Fulham 1:2
1:0 Murphy (37'), 1:1 Jiménez (61'), 1:2 Rodrigo Muniz (82')

De positive Laf vun Newcastle ass mat der zweeter Néierlag an dräi Matcher ënnerbrach. D'Magpies sinn awer weider op den internationale Plazen ze fannen. Fulham ass no der Victoire nees u genee dëse Plazen drun.

Serie A

Bergamo - FC Turin 1:1
1:0 Djimsiti (35'), 1:1 Maripan (40')

Bergamo ass komplett aus dem Tratt. An de leschte fënnef Matcher huet d'Ekipp aus dem italieeneschen Norden just eng Victoire feiere kënnen. Zwar gouf et och dräi Gläichspiller, mee domat huet een den Uschloss un den Tabelleleader Neapel verluer a souguer Inter Mailand ass laanscht gezunn. Och am Match géint Turin hat et gutt ugefaangen, mee um Enn steet just ee Punkt am Actif.

Ligue 1

Brest - Paräis 2:5
0:1 Dembélé (29'), 1:1 del Castillo (50'), 1:2 Dembélé (56'), 1:3 Dembélé (62'), 2:3 Ajorque (71'), 2:4 Ramos (89'), 2:5 Ramos (90'+7)

Paräis zitt weider seng Kreesser un der Spëtzt vun der Ligue 1. Géint Brest gouf et déi 15 Victoire am 20. Match. De PSG bleift domat weiderhin ongeschloen. Paräis huet sech awer laang d'Zänn u Brest ausgebass an huet virun allem vum Dräierpack vum Ousmane Dembélé profitéiert. An der Nospillzäit huet de Ramos de Score nach e bëssen no uewe geschrauft, sou dass d'Resultat méi kloer ausgesinn huet.

Monaco - Auxerre 4:2
1:0 Kehrer (35'), 1:1 Diomandé (38'), 1:2 Jubal Junior (45'+6), 2:2 Biereth (58'), 3:2 Biereth (63'), 4:2 Biereth (66')

Och wa Monaco Problemer hat, steet um Enn eng verdéngt Victoire géint Auxerre. D'Monegassen hunn trotzdeem schonn e Réckstand vun 13 Punkten op den Tabelleleader PSG.

La Liga

Villareal - Valladolid 5:1

1:0 Perez (42'), 2:0 Gueye (64'), 3:0 Comesana (70'), 4:0 Barry (86'), 5:0 Suarez Fernandez (90'+1), 5:1 Amallah (90'+4)

Atlético Madrid - Mallorca 2:0
1:0 Lino (26'), 2:0 Griezmann (90'+3)

Atlético Madrid bleift u sengem Lokalrival Real drun. Et war en zéie Match, an deem Atlético déi besser Ekipp war, et awer net vill Golchancë gouf. De Match huet méi vun der Spannung wéi vun der Attraktivitéit gelieft. De Griezmann huet Atlético an der Nospillzäit erléist.