Basket
Verbandsgeriicht huet no Tëschefall op U14-Match decidéiert

Viru ronn engem Mount koum et am Basket no engem Match vun zwou U14-Ekippen zu enger kierperlecher Ausernanersetzung.
Elo huet d‘Verbandsgeriicht tranchéiert: Den Trainer vun der Walfer Ekipp gouf fir 10 Matcher gespaart. Den Zolwer Spiller, deen de géignereschen Trainer soll mam Fouss an de Réck gestouss hunn, krut eng Spär vun aacht Matcher.
De Papp vum Jong, dee keng Lizenz bei der FLBB huet, gouf fir fënnef Joer gespaart. Hie soll als Offiziellen, dem Trainer vu Walfer, eng mat der Fauscht an d‘Gesiicht geschloen hunn.
Am meeschte gelies