De Weekend war dat nationaalt Championnat am Badminton.

Bei den Dammen huet d'Myriam Havé hiren Titel verdeedegt. Si hat keng Problemer, fir sech géint déi jonk Zoé Du ze behaapten. D'Lëtzebuerger Nummer 1 Kim Schmidt war iwwerdeems net beim Championnat dobäi. Si trainéiert den Ament an enger Badminton-Akademie an Dänemark.

Och bei den Hären heescht den alen an neie Champion Jérôme Pauquet. Fir hien ass et schonn de fënneften Titel noeneen am Simple. Einfach war d'Titelverdeedegung awer net. De Jérôme Pauquet huet sech mam William Lang eng ganz spannend Finall geliwwert. Um Enn huet ee Punkt den Ënnerscheed gemaach.

Den Duo Tessy Aulner/Myriam Havé huet sech de Championstitel am Dubbel géint d'Koppel Marie 
Goedert/Aude Meyer geséchert. Am Hären-Dubbel huet d'Koppel Nico Fiorino/Jérôme Pauquet den Duo Yves Hoffmann/William Wang geklappt.

An am Dubbel Mixte hunn de William Wang an d'Myriam Havé hiren Titel verdeedegt. Hir Géigner an der Finall waren den Tom Feltes an d'Zoé Sinico.