Luka Mladenovic klappt Nummer 11 vun der Welt, Grenzau verléiert nawell
Den DT Berbuerg feiert dëst Joer säi 50. Anniversaire. An deem Kader huet den amtéierende Vize-Champion sech eppes Spezielles afale gelooss.
An zwar ass et dem Lëtzebuerger Veräin gelongen, datt zu Berbuerg an der Sportshal e Match aus der éischter däitscher Bundesliga gespillt gouf. D'Spectateure kruten Dëschtennis op allerhéchstem Niveau gebueden a mattendran och ee Lëtzebuerger Spiller.
Normalerweis spillt Saarbrécken seng Heemmatcher an der Joachim-Deckarm-Halle. Fir de 16. Spilldag vun der TTBL war dat awer aneschters. Den DT Berbuerg a Saarbrécken hate schonns länger Zäit Kontakt, dat iwwer de Michael Schwarz, deen nach bis d'lescht Saison zu Berbuerg gespillt huet. D'Zesummenaarbecht huet gutt funktionéiert an esou huet een e flott Evenement organiséiert. Béid Säite ware méi wéi zefridden, wéi alles ofgelaf ass.
D'Ekipp vu Saarbrécken ass amtéierenden Champions-League-Gewënner an huet mam Patrick Franziska an Darko Jorgic zwee Spiller a senge Reien, déi an der Top 11 vun der Welt sinn. Op där anerer Säit beim TTC Zugbrücke Grenzau spillt mam Luka Mladenovic och d'Lëtzebuerger Nummer 1, fir deen et natierlech e ganz spezielle Moment war, virun heemeschem Public ze spillen.
Géint den Darjo Jorgic huet de Spiller vu Grenzau dann och iwwerraschend gewonnen. Mat 3:0 an de Sätz huet de Luka Mladenovic der Nummer 11 vun der Welt keng Chance gelooss. Richteg doriwwer freeë konnt de Lëtzebuerger sech um Enn awer net, well hien huet zesumme mam Samuel Walker den decisiven Dubbel verluer, esou datt Grenzau sech mat 2:3 géint Saarbrécken huet misse geschloe ginn.
De Patrick Franziska huet de Public e Sonndeg richteg animéiert. A sengen zwee Matcher huet hie fir richteg flott an héichklasseg Bällwiessel gesuergt, dat obwuel hien 48 Stonne virdrun nach zu Singapur op engem Tournoi am Asaz war. Och fir e Profisportler ass dat alles net einfach an net onbedéngt gesond, nawell war hien zefridde mat senger Leeschtung a frou, bei dëser Première zu Berbuerg dobäi gewiescht ze sinn.