Mica Pinto mat Gol fir ZSKA Sofia, Alessio Curci trëfft fir Francs Borains

© Val Wagner
Fir den Anthony Moris a Saint-Gilloise gouf et iwwerdeems eng batter Defaite.
An der éischter bulgarescher Liga ass ZSKA Sofia e wichtege Succès géint Arda gelongen. Mat 2:0 konnt d'Ekipp vum Mica Pinto sech duerchsetzen, deen de Match ugefaangen huet an no 63 Minutte den 2:0 fir seng Faarwe geschoss huet. Eng 10 Minutte viru Schluss gouf hien ausgewiesselt.
Fir de Gerson Rodrigues gouf et mat AVS an der ieweschter Divisioun a Portugal en 1:1-Gläichspill bei Rio Ave. De Rodrigues stoung no sengem Wiessel fir déi éischte Kéier an der Startformatioun a gouf no 79 Minutten beim Stand vun 1:1 ausgewiesselt.
No der Defaite ënnert der Woch géint Ajax Amsterdam verléiert d'Union Saint-Gilloise och am belsche Championnat doheem géint KV Mechelen. D'Ekipp vum Anthony Moris, dee wéi gewinnt tëscht de Pottoe stoung, huet eng ganz Rei Chancen net genotzt a läit elo mat 14 Punkte Réckstand op de Leader Genk op Plaz 3.
Eng Spillklass drënner gouf et och fir Francs Borains eng 1:2-Heemnéierlag géint Lokeren-Temse. No engem fréie Gol vum Lëtzebuerger Alessio Curci konnten d'Gäscht nach virun der Paus den 1:1 schéissen. An der 81. Minutt ass de Curci ausgewiesselt ginn, kuerz drop huet Lokeren-Temse per Eelefmeter d'Partie gedréint.
Samschdeg
Benfica Lissabon feiert déi drëtt Victoire hannerteneen an der portugisescher Liga. Géint Santa Clara gouf et en 1:0 fir d'Ekipp vum Leandro Barreiro, deen an der 49. Minutt mat Giel verwarnt gouf. Kuerz drop konnt Benfica den entscheedende Gol schéissen.
Um 22. Spilldag vun der Bundesliga huet Gladbach 2:1 bei Union Berlin gewonnen, dat awer ouni den erkrankten Yvandro Borges. Gladbach konnt fréi zwee Goler virleeën an hat d'Chance op weider Goler, mee huet um Enn musse kämpfen, fir 3 Punkte mat heem ze huelen. D'Fohlen schnupperen elo un den Europa-League-Plazen.
Mat St. Pauli war eng weider Ekipp vun engem Lëtzebuerger an der héchster däitscher Liga am Asaz. Anescht wéi fir Gladbach gouf et fir d'Hamburger eng batter 0:1-Defaite géint Freiburg. Den Danel Sinani koum an dësem Match net zum Asaz.
An der zweeter däitscher Bundesliga huet Elversberg déi nächst Victoire agefuer. Géint Greuther Fürth gouf et doheem en 2:0 fir d'Ekipp vum Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte. D'Saarlänner sinn nees a Reechwäit vun den Opstigsplazen.
Eng Etage méi déif huet Erzgebirge Aue 1:2 géint Arminia Bielefeld verluer a stécht weiderhin a groussen Ofstigssuergen. Den Tim Kips souz als Ersatzgolkipp 90 Minutten op der Bänk.
An der hollännescher Eredivisie huet Breda Feyenoord Rotterdam en 0:0 ofkaaft. Den Enis Mahmutovic ass net an den Asaz komm. Breda bleift am Tabellemëttelfeld, muss awer seng Negativserie sou lues op en Enn bréngen, fir net awer nach géint den Ofstig spillen ze mussen.
An der zweeter belscher Liga huet Beveren mam Laurent Jans an der Startformatioun 3:1 géint RFC Léck gewonnen. Beveren ass elo 6. a steet op enger Playoff-Plaz fir an d'Jupiler League opzesteigen.
Freideg
A Rumänien war de Vahid Selimovic de ganze Match iwwer um Terrain, wéi säin FC Hermannstadt sech bei Sepsi OSK 3:2 konnt duerchsetzen. Déi dräi Goler vun de Gäscht konnt den Stoica markéieren, wärend den Tamas op 1:2 an den Stefan op 2:3 verkierzt haten.
De Mathias Olesen stoung an der Startopstellung vum 1. FC Köln bei der 0:3-Néierlag zu Magdeburg. Et war e groussen Deels ausgeglachene Match, woubäi Magdeburg, bei deem den Eldin Dzogovic net am Kader war, einfach méi aus hire Chancë konnt maachen. Fir si haten den Heber (73'), El Hankouri (79') a Loric (90'+2) getraff. Köln bleift no der Néierlag nach provisoresch un der Spëtzt, kéint awer op dësem Spilldag vum HSV iwwerholl ginn. Magdeburg spréngt op d'Plaz 3, ma och do kéint Kaiserslautern nach laanschtkommen.
An der Partie tëscht Clermont Foot an dem SC Bastia an der Ligue 2 a Frankräich souz de Florian Bohnert de ganze Match iwwer op der Bänk. Vun do aus konnt hie gesinn, wéi den Durocq no 22 Minutte vum Punkt seng Ekipp e Féierung konnt bréngen.Dono gouf de Bohnert dann Zeien, vun zwou séiere giele Kaarten hannertenee vum Janneh, esou datt d'Ekipp vum Lëtzebuerger nach virun der Paus op 10 Mann reduzéiert gouf. Clermont huet hir Iwwerzuel ausgenotzt an huet an der 71. Minutt duerch den Douane den Ausgläich markéiert. An de leschten 20 Minutte sollt awer kee Gol méi falen, esou datt d'Ekipp vum Lëtzebuerger hei e Punkt ka mathuelen.