De Champion Bierchem hat beim Standard keng Problemer, tëscht Esch a Käerjeng war et spannend. D'Käerjenger Damme verléiere géint Déifferdeng.

Bei den Damme wéi bei den Häre war et den Optakt vum Playoff. D'Damme spillen den Titel ënner véier Ekippen aus, bei den Häre streide sech 6 Ekippen ëm d'Meeschterkroun. D'Hären hunn alleguer d'Punkten aus de viregte Matcher matgeholl, bei den Damme sinn et just d'Punkten, déi géint déi dräi Géigner gesammelt goufen.

Axa League Hären

Déifferdeng huet géint Diddeleng zwee verschidde Gesiichter gewisen: déi éischt Hallschent phaseweis desastréis, an der zweeter Hallschent mat vill Kampfgeescht. Um Enn behält den HBD d'Punkten awer zu Diddeleng a gewënnt 29:25.

D'Diddelenger Fiiss hunn d'Red Boys phaseweis un d'Mauer gespillt an haten an der Paus eng Avance vu 7 Goler (15:8). Déifferdeng huet eng lamentabel Leeschtung gewisen, huet vill technesch Feeler produzéiert, hat an der Defense keen Zougrëff an huet seng Chance virum Gol net genotzt. Diddeleng huet sech net musse grouss ustrengen an huet selwer vill Feeler gemaach.

Den Trainer Nikola Malesevic muss senger Ekipp an der Kabinn uerdentlech de Kapp gewäsch hunn, well d'Red Boys koume mat engem ganze aneren Optrieden zeréck op den Terrain. Et ass awer net duergaangen, fir nach eng Kéier op manner wéi 3 Goler erunzekommen. Diddeleng huet de Virsprong gutt geréiert a spréngt an der Tabell laanscht d'Red Boys.

An engem spannende Match setzt sech den HB Esch beim HB Käerjeng 28:27 duerch. Déi Gréng haten de bessere Start an de Match an hate an de leschte Matcher Selbstvertraue getankt. D'Gäscht koumen awer bis zur Paus erun, sou dass d'Säite bei 9:9 gewiesselt goufen. No der Paus hunn d'Spectateuren um Käerjenger Dribbel weiderhin e Match gesinn, an deem sech béid Ekippen näischt geschenkt hunn. Dat léisst sech och un de villen Zäitstrofen ofliesen (insgesamt 14). An der Crunchtime hat Esch déi besser Nerven.

Am drëtte Match huet sech den HC Bierchem beim HC Standard keng Bléisst ginn a gewënnt kloer 41:25. Den amtéierende Champion konnt séier den Ecart maachen a louch an der Paus schonn 21:12 vir. Am zweeten Duerchgang hu béid Ekippe quasi déi selwecht Unzuel u Goler geschoss. Déi meescht Goler goungen op de Kont vum jonke Standard-Spiller Luca Kremer (7).

Axa League Dammen

Dës Saison gëtt de Championstitel am Dammen-Handball an engem neie Modus ausgespillt. Fir d'Matcher méi interessant an d'Spannung méi laang ze halen, gouf um leschten FLH-Kongress decidéiert, dass just nach véier Ekippen am Playoff dobäi sinn.  Bis Enn Mäerz spillt dëse Quartett quasi Frëndschaftsmatcher, éier et an d'KO-Phas geet. Ausserdeem gëtt den Damme-Championnat ab der nächster Saison just nach mat 6 Ekippe gespillt.

Den Tabelleleader HB Diddeleng huet dem HB Esch keng Chance gelooss a kloer 32:19 gewonnen. Et war déi 32. Victoire hannerteneen op nationalem Plang fir d'Ekipp vum Trainerduo Molitor/Didion. Ab der 13. Minutt konnt den HBD den Ecart maachen an huet uschléissend säi gewinnte Stiwwel erofgespillt. Wéi gewinnt kruten och déi jonk Diddelenger Spillerinne vill Asazzäit. Déi meescht Goler goungen awer op de Kont vun der Escherin Noémie Hoffmann (8).

D'Damme vum HBD klappen Esch
Mat 32:19 huet de Leader Diddeleng sech zu Esch duerchgesat.

Am zweete Match ass Déifferdeng de grousse Coup géint Käerjeng gelongen. D'Red Boys klappen en ersatzgeschwächte Rekordchampion - just 11 Spillerinnen um Bou - 29:23 a sinn elo bis op zwee Punkten un der Ekipp aus der Brauerreistad drun. Et war laang Zäit e spannende Match, an deem sech keng Ekipp méi wéi 3 Goler ofsetze konnt. Käerjeng hat am Ufank de Lead iwwerholl, ass awer ab der 35. Minutt engem Réckstand hannendru gelaf. Bis an d'50. Minutt konnten déi Gréng Déifferdeng de Bass halen, mee dunn ass Déifferdeng mat engem 4:0-Laf ewechgezunn a konnt déi éischt Victoire géint Käerjeng an dëser Saison feieren.