Recken an Houwald am Avantage

© RTL-Archiv
E Samschdeg gouf den éischte Match vun de Véierelsfinalle gespillt. Recken an den Houwald hu sech kloer géint Esch a Lénger duerchgesat.
Recken ass senger Favoritteroll am Match géint Esch gerecht ginn. Den Halleffinalist vun zejoert huet sech kloer 6:2 bei Esch Abol duerchgesat. Nodeems béid Ekippe jee ee Match 3:0 gewonnen haten, goung den drëtte Match tëscht Gira a Kempfer iwwer fënnef Sätz, mam besseren Enn fir de Reckener Spiller. Den Gene Wantz konnt duerno e weidere Punkt fir Recken sammelen, wat quasi eng Virentscheedung war. Esch konnt wuel nach eng Kéier verkierzen, mee Recken war esou staark, dass si de Match net méi aus der Hand ginn hunn.
Am zweete Match gouf et dat selwecht Endresultat. Den Houwald klappt Lénger 6:2. Virun der Partie war net gewosst, wien als Favorit an de Match goe géing, ma dës Fro war no fënnef Partië gekläert. Am fënnefte Match konnt sech de Benjamin Rogiers no véier Sätz géint de Gilles Michely behaapten, woumat den Houwald 4:1 a Féierung goung.
D'Retourmatcher ginn eréischt den 1. an 2. Mäerz ausgedroen.