D'Playoff-Ronn geet an déi entscheedend Phas
Eppes steet fest: An der 1/8-Finall ass eng grouss Ekipp op alle Fall net méi mat dobäi. Entweder Manchester City oder de Real Madrid.
Béid Ekippen hunn e Mëttwoch eng 50/50 Chance fir de Sprong an den nächsten Tour ze packen. An der anerer Partie, déi en Dënschdeg bei eis iwwerdroe gëtt, ass Bayern München de Favorit géint Celtic Glasgow.
Mat enger 2:1-Victoire huet sech Bayern München lescht Woch am Celtic Park duerchgesat. Mat dësem Resultat a mam Public am Réck stinn d'Chancë relativ gutt fir en Dënschdeg den Owend an hirem Stadion de Sprong an den nächsten Tour ze packen. Den däitsche Bundesligist muss an der Defense awer nach eng Schëpp drop leeën, well do ass d’Ekipp vum Vincent Kompany net ëmmer Suedelfest.
Real Madrid kritt et e Mëttwoch den Owend am Santiago Bernabeu mat Manchester City ze dinn. Zwou grouss Ekippen, déi an dëser Saison awer vill Schwankungen hunn. Trotzdeem ass de Paul Philipp der Meenung, dass den Titelverdeedeger sech fir d'1/8-Finalle qualifizéiert. An den 3:2 aus der Sicht vu Real Madrid suergt fir Spannung, well d'Spuenier dacks Partien an engem Heemmatch gedréint hunn. E Virsprong ze geréiere war dacks net evident fir den Titelverdeedeger.