De Fazit vun der Lëtzebuerger Schi-Federatioun

© AFP
Op der Weltmeeschterschaft am Schi-Alpin zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich waren och fënnef Lëtzebuerger Schifuerer dobäi.
Iwwer véier Deeg si Matthieu Osch a Co. am Riseslalom an am Slalom bei am ganze sechs Courssen un den Depart gaangen. Bei dësen techneschen Disziplinnen ass en Ausfall net ëmmer ze evitéieren. Am grousse Ganzen ass de Gilles Osch, Delegatiounschef vun der Lëtzebuerger Schi-Federatioun, zefridde mam Optrëtt vu sengen Athleeten:
"Et ware ganz laang a ganz steil Pisten, mat Konditiounen, déi souguer fir d'Top-Leefer immens usprochsvoll waren. Déi aner Erausfuerderunge fir d’FLS-Athleete ware bei den Hären 183 um Start ugemellt a béi den Dammen iwwer 150 Leefer ugemellt. Trotzdeem konnten d'FLS-Leefer sech an deem ganz staarke Starterfeld, ganz gutt verteidegen. Gwyneth konnt sech am GS ëm 13 Plazen bis op déi 36. Plaz klasséieren a seng Schwëster huet sech souguer ëm zwou Plazen am Riseslalom verbessert. Béi den Hären huet sech de Matthieu am Riseslalom ëm 30 Plazen an am Slalom souguer ëm 39 Plaze bis erof op déi 41. Plaz verbessert."
Um Enn waren et deemno fir d'Athleeten vun der Lëtzebuerger Schi-Federatioun Plazen an den Topp 50 respektiv esouguer an den Topp 40. Verbesserungspotential gesäit de Gilles Osch bei de Lëtzebuerger Schifuerer awer bei der punktgenauer Konstanz fir d'Leeschtung ofzeruffen, wann et drop ukënnt.