Biathlon-WM
Eric Perrot wënnt Gold am Eenzel

© AFP (Archiv)
De Fransous huet déi vill Feeler vum Rekordweltmeeschter Johannes Thingnes Bö genotzt, fir sech seng zweet Goldmedail zu Lenzerheide ze sécheren.
Op der Biathlon-WM an der d'Schwäiz gouf et e Mëttwoch am Eenzel iwwer 20 Kilometer eng Victoire vum Eric Perrot. De Fransous (1 Feeler) ass domat Weltmeeschter a konnt sech virum Italiener Tommaso Giacomel (1 Feeler/+ 52,4 Sekonnen) an dem Quentin Fillon Maillet (3/+ 1:59,5 Minutten) aus Frankräich duerchsetzen.
De frëschgebakene Rekordweltmeeschter Johannes Thingnes Bö huet seng 23. WM-Goldmedail no fënnef Feeler dogéint däitlech verpasst. Fir hie war et um Enn déi 20. Plaz op 4:19,90 Minutten.
Am meeschte gelies