Um Donneschdeg huet d'Härennationalekipp de véierten an domat leschte Match vun der Pre-Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2027 gespillt.

Lëtzebuerg huet auswäerts an Norwege gutt an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel mat 21:15 a Féierung, dat och well d'Selektioun vun der FLBB kollektiv iwwerzeegt huet. 7 Spiller hunn am éischte Véierel Punkte geworf bei der Ekipp vum Trainer Ken Diederich. D'Rout Léiwen hunn de Rhythmus am zweete Véierel bäigehalen an de Virsprong bis zur Paus weider ausgebaut, no 20 Minutte stoung et 38:30 aus Sicht vu Lëtzebuerg.

FLBB-Nationaltrainer Ken Diederich:

FLBB-Nationaltrainer Ken Diederich nach 8 Punkten, 38-30 vir:
 
"Jo, mir hunn eng ganz gutt éischt Hallschent gespillt, wou mer am Fong geholl alles ënner Kontroll haten. Mir hunn dominéiert, mir hunn de Ball gutt lafe gelooss, d'Decisioune ware ganz gutt, mir hunn och Schëss getraff, an dat war dann d' zweet Hallschent net méi de Fall. Ech mengen, wann s de dräi vun eenanzwanzeg vun der Dräierlinn schéiss, du weess, dass si der, ech mengen si waren néng vu siwenanzwanzeg, an da kënnt derbäi, dass si alt och siwenanzwanzeg lancés francs kritt huet, mir nëmmen eelef. Dat ass dann eng grouss Differenz an dat war och da wuel den Ënnerscheed. Ech mengen de Match war enk, mir ware minus eent mat 1min50 ciru Schluss, an hunn dann e puer Possessiounen, fir virzekommen. Mir hunn et net gemaach a voilà, e Spiller wéi de Frey ass dann esou staark, dass deen esou e Match dann u sech räisst."

De 27 Joer ale Norweger Harald Frey spillt bei Bilbao a Spuenien, där stäerkster Basketball-Liga an Europa.

No der Paus huet d'Lokalekipp de Match u sech gerappt. De Chris Ndow an de Harald Frey waren net ze stoppen an hunn dofir gesuergt, dass Norwege mat enger 52:46-Féierung an de leschte Véierel gestart ass. Lëtzebuerg huet eng gutt Reaktioun gewisen a 5 Minutte viru Schluss stoung et nees gläich. An enger spannender Schlussphas hat Norwegen déi besser Reussite a wënnt um Enn mat 68:59.

Lëtzebuerg huet nëmmen 3/21 Dräier getraff an insgesamt just 21 Punkten no der Paus markéiert. Den Oliver Vujakovic huet mat 12 Punkten am beschte getraff bei der FLBB-Selektioun.

Thomas Grün zitt e Schlussstréch

Wéi scho virum Match annoncéiert gouf, war et de leschte Match an der Nationalekipp fir de Co-Kapitän Thomas Grün, dee mat 29 Joer e Schlussstréch an der FLBB-Selektioun zitt.

D'Qualifikatioun fir den nächsten Tour net méi méiglech

10 Länner sinn an der Pre-Qualifikatioun dobäi. Déi dräi Gruppegewënner an de beschte Gruppenzweete qualifizéieren sech fir déi nächst Ronn vun der Qualifikatioun. Duerch dës Defaite ass Lëtzebuerg Gruppeleschten a kann sech net méi fir den nächsten Tour qualifizéieren, onofhängeg vum Resultat vum Match tëschent Rumänien a Norwegen e Sonndeg.

Resultater vun Lëtzebuerg an dëser Qualifikatioun

Rumänien – Lëtzebuerg 72:76
Lëtzebuerg – Norwegen 58:72
Lëtzebuerg – Rumänien 78:84
Norwegen - Lëtzebuerg 68:59

Tabell am Grupp B

1. Norwegen 3 Matcher / 5 Punkten
2. Lëtzebuerg 4/5
3. Rumänien 3/5

De ganze Match am Replay

Härennationalekipp am Basket: Lëtzebuerg verléiert Match an Norwegen (Replay vum ganze Match)
Um Donneschdeg huet d'Härennationalekipp de véierten an domat leschte Match vun der Pre-Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2027 gespillt.