E Sonndeg sinn an der Coque déi nei Lëtzebuerger Indoor-Championen an der Liichtathletik gesicht ginn.

Virun zwou Wochen hat d'Kimberly Chinfatt bei engem Indoor-Meeting zu Metz mat engem Chrono vun 9'10''97 fir een neien nationale Rekord iwwer 3.000 Meter gesuergt. E Sonndeg huet sech d'Vera Bertemes-Hoffmann de Lëtzebuerger Rekord nees zeréckgeholl. Si ass beim Championnat iwwer 3.000 Meter eng Zäit vun 9'07''54 gelaf. D'Vera Bertemes-Hoffmann, déi am Dezember duerch eng Blessur zeréckgehäit gouf, hofft nach iwwer 1500 Meter op eng Qualifikatioun fir d'Indoor-EM.

Donieft huet nach d'Melody Koffi mat enger Wäit vun 12,36 Meter een neie Lëtzebuerger Rekord am Dräisprong realiséiert an d'Stéphanie Krumlovsky huet mat 15,24 Meter een neien nationale Rekord am Bommstoussen opgestallt.

De Championstitel iwwer 60 Meter huet sech d'Victoria Rausch mat enger perséinlecher Beschtzäit geséchert. No enger Verletzungspaus vu siwe Méint kënnt d'Lëtzebuergerin ëmmer besser a Form. Iwwer 60 Meter Hecken ass si e Sonndeg zweemol Saison-Beschtzäit gelaf.

Déi aktuell bescht Lëtzebuerger Liichtathletin Patrizia van der Weken war e Sonndeg net mat dobäi. Si huet no hirem staarken Optakt an d'Saison mat véier Victoiren eng kleng Paus ageluecht. Den nächste Weekend ass si bei der Gold League zu Madrid a Spuenien um Depart an an zwou Wochen ass dann d'EM.

D'1500-Meter bei den Häre sinn ouni de Charel Grethen, deen d’Qualifikatioun fir d'Indoor-Europameeschterschaft ëm 90 Honnertstel zu Metz verpasst hat, an de blesséierte Vivien Henz iwwer d'Bün gaangen. D'Course gouf vum Gil Weicherding gewonnen a Vizemeeschter gëtt den eréischt 16 Joer alen Triathlet Sebastian Ziekmann, dat mat enger neier nationaler Beschtzäit bei de Cadeten.