EM an der Coque soll d'Sportaart hei am Land méi populär maachen
Bis ewell ginn et zu Lëtzebuerg nach keng Kompetitiounen am akrobateschen Turnen.
Am Abrëll si fir zwou Wochen d‘Europameeschterschaften am akrobateschen Turnen an der Coque. Iwwer 1.100 Athleten, Traineren a Responsabel vun den Delegatiounen aus 26 Länner sinn deen Ament zu Lëtzebuerg. D'Preparatioune bei der FLGym lafen aktuell op Héichtouren. Dës Disziplin gëtt hei am Land awer nach net als Kompetitioun praktizéiert. Aus deem Grond hat déi europäesch Federatioun e Sonndeg de Moien invitéiert, fir d'akrobatescht Turne virzestellen.
Am Géigesaz zum traditionelle Konschtturne geet et beim akrobateschen Turnen drëms, als Kollektiv an engem Grupp vun zwee, dräi oder véier Persoune Figuren a Pyramiden ouni Gerät um Buedem ze weisen. Et ass eng Kombinatioun aus Flexibilitéit, Kraaft, Dynamik a Balance.
Den Ament ginn et nach keng national Kompetitiounen am akrobateschen Turnen. Dofir wier een als FLGym just Organisateur vun der EM an et hätt ee keng Ekipp mat um Start. Et wéilt een awer mam Organiséiere vun enger Europameeschterschaft zu Lëtzebuerg déi grouss Diversitéit vum Turnen dem Public weisen a Jonker motivéieren, och domadder unzefänken, sou de Silvio Sagramola.
D‘europäesch Federatioun war dëse Weekend am Land, fir nach eemol déi lescht Detailer ze klären, ier et den 10. Abrëll an der Coque lass geet. An dofir huet een déi Zäit genotzt, fir en Initiatiounscours an der Akrobatik ze ginn. Mat dobäi d‘Athletinne vun der Nationalekipp am TeamGym a vun den Cheerleadere vun Déifferdeng. Well souwuel fir Konschtturnerinnen, wéi och fir Cheerleaderinnen huet dat heite Potential fir d‘Zukunft vum Turnsport hei am Land.
Et géing ee sech bei der FLGym freeën, fir ze weisen, dass een och hei am Land esou grouss Kompetitiounen op Lëtzebuerg ka bréngen a momentan hätt een och scho gutt d‘Hallschent vun den 150 Benevolle fonnt, déi déi zwou Wochen am Abrëll eng Hand mat upaken. Et wier en Challenge, ma mat der richteger Portioun aus enger motivéierter Ekipp a genuch Ausdauer soll déi éischt EM am akrobateschen Turnen hei zu Lëtzebuerg e richtege Succès ginn.