Rout Léiwinnen iwwerrenne Liechtenstein mat 7:0
An der Nations League war et en Dënschdeg eng ganz däitlech a verdéngte 7:0 Victoire fir d'FLF-Damme géint Liechtenstein.
Bei schwéiere Konditiounen hunn d'Rout Léiwinnen an der 16. Minutt géint dee schwaachste Géigner aus dem Grupp den 1:0 markéiert mam Caroline Jorge. No engem Feeler vun der Goalkeeperin Lucie Schlimé hätt den 1:1 kënne falen. D'Rout Léiwinnen hunn awer dominéiert an déi lescht Minutte virun der Paus hunn hinne total gehéiert.
D'Caroline Jorge nees an d'Amy Thompson hunn d'Goler Nummer 2 an 3 virun der Paus markéiert. Den 3:0 war och verdéngt viru ronn 400 Spectateuren um Stade Emile Mayrisch zu Esch.
Direkt nom Säitewiessel huet d'Marta Estevez en 11 Meter verwandelt fir de 4:0. D'Differenz tëscht den zwou Ekippen ass ëmmer méi däitlech ginn. D'Caroline Jorge hat no 64 Minutten en 11 Meter ratéiert, wat awer d'Moral vun der Ekipp net beaflosst huet.
D'Rout Léiwinnen, déi spilleresch a physesch vill besser waren, konnten nach mam Ana Barbosa, Laura Miller an Charlotte Schmit 3 weider Goler markéieren, fir e verdéngten 7:0 ze feieren. Dem Laura Miller säi Gol war ganz spektakulär.
Et war en Dënschdeg och déi héchste Victoire fir d'FLF-Dammen an engem offizielle Match.
No 2 Partien ass Lëtzebuerg am Grupp 3 vun der League C op der 2. Plaz mat 4 Punkten, 2 Punkten hannert dem Leader Armenien. Armenien huet nämlech Kasachstan mat 2:0 geklappt.
De 4. Abrëll geet et da fir d'Spillerinne vum Dan Santos virun an dat an Armenien.