Nom Virbild vum Super Bowl wëll d'FIFA wärend der Finall vun der nächster Futtball-WM fir méi Spektakel suergen.

D'FIFA léiert vun der NFL: Wat d'Organisateure vum Super Bowl scho laang kënnen, wëllen déi Responsabel vum Weltfuttball och elo an hir gréisste Manifestatioun abauen: Eng Halftime-Show.

De FIFA-President Gianni Infantino huet e Mëttwoch op Instagram confirméiert, dass d'WM-Finall 2026 an den USA eng grouss Show wäert kréie wärend der Halbzeit-Paus. Vun engem historesche Moment ass rieds fir d'Futtballweltmeeschterschaft. Hie versprécht eng Show, déi dësem Event würdeg wäert sinn.

Passenderweis gëtt déi Finall de 16. Juli 2026 zu New York am MetLife-Stadium gespillt, also do wou d'NFL-Teams New York Giants an New York Jets doheem sinn. Wéi e Star dann optriede wäert, huet de FIFA-President natierlech nach net verroden, mee et wäert sécher ee vun der internationaler Spëtzeklass sinn.

Dobäi kënnt awer elo d'Fro an d'Spill, ob d'Paus an der Hallschent vun der WM-Finall net verlängert wäert musse ginn. Am Super Bowl dauert se 30 Minutten, fir dass genuch Zäit bleift fir de Mediespektakel op- an ofzebauen. Do wäerten déi klassesch 15 Minutte beim Futtball warscheinlech net méi duergoen.

Prominent Ënnerstëtzung kritt de Weltfuttballverband vun der brittescher Band Coldplay. Si hu fir de Weekend vun der Finall eng "Iwwernam" vum Times Square zu New York geplangt. Donieft si si och involvéiert bei der Berodung a bei der Ëmsetzung vun dësem "historesche" Projet.