E Mëttwoch den Owend sinn am Lëtzebuerger Futtball d'Véierelsfinalle vun der Coupe bei den Damme gespillt ginn.

Den Titelverdeedeger Racing hat beim 7:0 zu Käerjeng keng Problemer.

E 7:0 gouf et och fir d'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG géint d'Entente Région Moselle aus der 3. Liga.

Mamer huet sech beim Tabelleleschten Union Mäertert-Waasserbëlleg mat 5:0 duerchgesat.

Déifferdeng ass senger klenger Favoritteroll géint Dikrech gerecht ginn. Am Eelefmeterschéissen huet ee sech mat 4:2 behaapt.