De leschte Weekend gouf de Gerson Rodrigues am Championnatsmatch mat senger Ekipp géint Farense wéinst eng Blessur ausgewiesselt.

Dem Lëtzebuerger Nationalspiller säi Veräin AVS huet matgedeelt, datt et sech bei der Verletzung ëm eng Zerrung an net ëm ee Muskelfaserrëss géif handelen.
 
De Gerson Rodrigues dierft also fir déi nächste Matcher vun der Nationalekipp géint Schweden an d'Schwäiz zu Verfügung stoen.