Mainz wënnt zu Gladbach, Toulouse a Monaco spille gläich

© AFP
Am internationale Futtball war et e Freideg den Owend ënner anerem an der Bundesliga an an der Ligue 1 den Optakt vum Spilldag.
Bundesliga
Um Freideg koum et mam Match Mönchengladbach géint Mainz zu engem Duell, bei deem et ëm déi europäesch Plaze goung. Mainz louch virum Upëff mat 41 Punkten op der 4. Plaz, 4 Plazen a 4 Punkte viru Gladbach. Statistesch gesi war d'Partie gréisstendeels ausgeglach. Gladbach hat méi de Ball, Mainz awer méi Ofschlëss. A grad bei de Schëss waren d'Gäscht dann och laang Zäit méi präzis. Schonn no 39 Minutten hat den Nebel den Omlin am Gladbacher Gop iwwerwonnen. Den Omlin stoung no senger Spär nees am Gol an de jonke Lëtzebuerger Tiago Pereira, deen nach géint Heidenheim tëscht de Pottoe stoung, huet nees op der Bänk Plaz geholl. Vun do aus huet hien da misste gesinn, wéi de Kohr kuerz no der Paus op 2:0 fir Mainz erhéicht huet. No 73 Minutten hat sech nees méi Spannung ugedeit, wéi de Lainer op 2:1 verkierzt huet, ma keng fënnef Minutte méi spéit huet de Amiri den alen Ecart nees hiergestallt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Ligue 1
Eng ganz änlech tabelleraresch Ausgangspositioun wéi an der Bundesliga gouf et e Freideg den Owend och an der Ligue 1. Monaco kämpft ëm d'Champions League an d'Toulouse wëll den Uschloss un d'Conference League halen Et hat laang dono ausgesinn, wéi wa Monaco déi dräi Punkte kéint matheem huelen an un den Ekippen uewen dru bleiwen. Well schonn no 17 Minutten hat de Minamino si a Féierung bruecht. D'Fans vun Toulouse hu laang missten zidderen, ma an der 91. Minutt huet de Magri den Ausgläich geschoss. No esou engem spéide Gol wäert sech d'Heemekipp als de Gewënner villen, och wann d'Punkte zum Schluss gedeelt goufen.