E Samschdeg war den éischten Tour vun den Halleffinallen. Hei hu sech mat Berbuerg an Hueschtert-Folscht d'Favoritten eng gutt Ausgangspositioun verschaf.

Genee wéi virun zwee Joer treffe Recken an Hueschtert-Folscht an den Halleffinallen openeen. Deemools konnt sech den amtéierende Champion mat zwou Victoiren duerchsetzen. An no der éischter Partie gesäit et sou aus, wéi wa si dëst Konschtstéck op en Neits vollbrénge kéinten. No 8 spannende Sätz stoung et 6:2 fir Hueschtert-Folscht.

De Favorit konnt déi zwee éischt Matcher fir sech entscheeden, éier de Matas Skucas géint de Kevin Kubica den éischte Punkt fir Recken séchere konnt. No 5 Matcher stoung et 2:3 fir d'Ekipp aus dem Lëtzebuerger Westen, mee Hueschtert-Folscht konnt déi dräi nächst Matcher gewannen, sou dass et um Enn zimmlech kloer ausgoung.

Och am Match Houwald géint Berbuerg huet sech de Favorit duerchgesat, deen am Ufank awer vill Krämpes hat an en 0:2-Réckstand huet mussen ophuelen. Berbuerg konnt awer déi nächst sechs Matcher fir sech entscheeden. No 8 Partië stoung et 6:2 fir Berbuerg. Wéi intensiv dës Partie war, gesäit een dorun, dass 6 vun 8 Matcher iwwer 5 Sätz goungen.

D'Retourmatcher si fir den 30. Mäerz programméiert.

Am Playdown gouf et kloer Victoirë fir Iechternach (6:1 géint Nidderkäerjeng) a fir Lëntgen (6:3 géint Diddeleng). Lëntgen ass no 7 Matcher Éischten, dohannert lauert Iechternach mat 4 Punkte Réckstand. Diddeleng steet kloer virum Leschten Nidderkäerjeng.

D'Resultater am Iwwerbléck