Déi gréisste Reitsport-Foire huet zu Essen hir Dieren opgemaach
Et ass déi gréisste Foire am Reitsport an zitt all Joer Visiteuren aus alles Sparte vum Reitsport un, wéi och Familljen oder aner Interesséierter.
Op 30.000 Quadratmeter opgedeelt op siwen Hale fënnt een op der Equitana zu Essen alles, wat d'Reiderhäerz méi héich schloe léisst. Vu Marken, Start-ups, Produiten an och Staren aus der Reitsportzeen oder sief et fir Kontakter ze knäppen, vläicht sicht een eppes fir säi Päerd doheem, kee Wonsch bleift do oppen.
Op der Equitana kritt een och wéi gewinnt en eenzegaartege Programm gebuede mat spezielle Showen an iwwer 1.000 Päerd, vu grouss bis kleng. Deemno och e idealen Treffpunkt fir Ziichter an Trainer. Dëst Joer gouf den Accent méi op de Wester-Reitsport geluecht.