Siwe Persoune musse sech an deem Fall viru Geriicht veräntwerten. Si solle sech an de Stonne virum Häerzinfarkt net genuch ëm hie gekëmmert hunn.

En Dënschdeg de Moien ass zu Buenos Aires den Optakt vum Geriichtsprozess géint déi medezinesch Ekipp vum verstuerwene Futtballstar Diego Maradona. Siwe Persoune musse sech wéinst onfräiwëllegem Doutschlag viru Geriicht veräntwerten, dorënner zwee Dokteren, eng Psychiaterin, ee Psycholog, eng medezinesch Koordinatorin, ee Fleege-Koordinator an ee Fleeger. Alleguer hate sech an deene leschten Deeg viru sengem Doud de 25. November 2020 intensiv ëm hie gekëmmert.

Hinne gëtt an der Uklo reprochéiert, de fréiere Futtballprofi net gutt genuch betreit ze hunn. Bei enger méiglecher Verurteelung dréit den Ugekloten eng Prisongsstrof tëscht 8 a 25 Joer.

Den Diego Maradona hat am Alter vu 60 Joer eng Operatioun um Gehier a gouf doropshin net am Spidol, ma an enger gelounter Wunneng betreit. Do ass hien an der Nuecht onerwaart un engem Häerzinfarkt gestuerwen, dee vum Fleegepersonal op der Plaz net direkt bemierkt gi war.

Ënnert de Futtball-Supporter gëllt de fréiere Futtballspiller net nëmmen an Argentinien als ee vun deene beschte Spiller an der Geschicht vum Sport. Héichpunkt vu senger Karriär war 1986 de Gewënn vun der Weltmeeschterschaft.