Dat huet d'Lëtzebuerger Liichtathletik-Federatioun e Freideg matgedeelt.

Mam Patrizia van der Weken an dem Charel Grethen wäerten zwee Sportler de Grand-Duché op der Indoor-Weltmeeschterschaft vum 21. bis den 23. Mäerz zu Nanjing a China vertrieden.

De leschte Weekend hat sech d'Patrizia van der Weken op der Indoor-EM zu Apeldoorn an Holland iwwer 60 Meter Bronze geséchert. Domadder geet si och mat Ambitiounen an d'Indoor-WM. Ënner de gemellte Leeferinnen huet d'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer déi drëttbescht Zäit. Si hat bei der EM mat 7,06 Sekonnen een neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt. 2024 war si bei der Indoor-WM op Plaz 7 komm.

60m, den 22. Mäerz
Serien: 4.15 Auer (Lëtzebuerger Zäit)
Halleffinallen: 13.15 Auer
Finall: 14.18 Auer

No engem schwierege Joer 2024, mat gesondheetleche Probleemer, ass et fir de Charel Grethen de Retour op déi international Bün. Hie start iwwer 1500 Meter.

1500 Meter, den 21. an 23. Mäerz
Serien, 21. Mäerz: 12.20 Auer (Lëtzebuerger Zäit)
Finall, 23. Mäerz: 13.15 Auer