Den Lëtzebuerger huet sech an Thailand bei engem M15-Tournoi den Titel geséchert. Deen éischten zanter 2023.

Den Alex Knaff huet an der Finall géint d’Nummer 1 vum Tournoi, de Petr Bar Biryukov, mat 6:1 a 7:6 gewonnen. "Ech hunn an der Finall fir de Match zerwéiert a vun dëser Chance net profitéiert, mee ech sinn ëmmer positiv bliwwen an hu mech gepusht."

Alex Knaff wënnt ITF-Tournoi / Reportage Franky Hippert

Positiv bliwwen a virun allem roueg. Eegenschaften, déi den Alex Knaff och Ufank Februar an der Davis-Cup-Partie géint Litauen gewisen huet. "Jo, déi Prestatiounen hu mir sécherlech Confiance ginn a mäi Spill an och mech selwer. Ech hunn draus geléiert a meng Attitüd fir Matcher ugepasst."
 
Déi Upassungen hu Friichte gedroen, well zanter der Victoire am Davis Cup géint déi aktuell Nummer 194 an der Weltranglëscht ass den Alex Knaff ongeschloen.

Weider geet et fir de Lëtzebuerger schonn e Mëttwoch zu Nonthaburi, wou deen nächsten Tournoi um Programm steet. Da spillt den Alex Knaff géint de Bogdan Bobrov (Nummer 3 vum Tournoi).