Zweet Victoire bannent 24 Stonne fir de Loic Meillard am Schi Alpin

© AFP
Nom Succès am Riseslalom konnt sech de Schwäizer och e Sonndeg am Slalom zu Hafjell d'Victoire sécheren.
Schi Alpin
No der Victoire e Samschdeg am Riseslalom konnt sech de Loic Meillard och e Sonndeg am Slalom zu Hafjell duerchsetzen. No zwee Duerchgäng stoung de Schwäizer mat 0.21 Sekonne virum Norweger Atle Lie McGrath an 0.47 Sekonne virum Lucas Pinheiro Braathen aus Brasilien.
Schisprangen
Beim Raw-Air-Turnéier am Schisprangen zu Vikersund gouf et dann eng Schlussvictoire fir den Andreas Wellinger. Bei grousse Probleemer mam Wand ass fir den Däitschen e Sonndeg eng zweet Plaz duergaangen. D'Dagesvictoire war fir den Domen Prevc mat staarke 214.50 Punkten, virum Andreas Wellinger (199.20) an dem Ryoyu Kobayashi (191.20)
Biathlon
An der Staffel-Eenzel-Mixte huet sech e Sonndeg zu Pokljuka d'Schwäiz ouni Feeler beim Schéissen d'Victoire geséchert. 9.40 Sekonnen drop ass Schweden an 12.10 Sekonnen duerno ass Finnland op d'Arrivée komm, allebéid och ouni ee Feeler.
Bei der Staffel-Mixte op 4x7.5 Kilometer konnt sech duerno dann d'Ekipp aus Schweden duerchsetzen. Ouni engem Feeler beim Schéissen huet een um Enn mat engem Virsprong vu 14.80 Sekonnen op Frankräich (1 Feeler) an 20.00 Sekonnen op Norwegen (0 Feeler) gewonnen.