Dräi Lëtzebuerger um Podium bei Kompetitioun an Italien
Bei engem internationalen Tournoi an Italien, dem sougenannte Super Match, konnten d'Lëtzebuerger mat gudde Resultater op sech opmierksam maachen.
An der Kategorie Senior bis 90 Kilo mam lénken Aarm ass de Roman Bogdan op déi drëtte Plaz komm. Fir deen nämmlechte war et iwwerdeems an der Kategorie Master bis 90 Kilo mam lénken Aarm d'Plaz 2.
Den Alessandro Roman sengersäits gouf den 2. an der Kategorie Sub Junior bis 70 Kilo mam lénken Aarm. An der Kategorie Sub Junior iwwer 70 Kilo huet och de Cristian Roman sech mat der zweeter Plaz missen zefridde ginn.
De Cristian Roman huet sech allerdéngs an der Kategorie Sub Junior iwwer 70 Kilo mam rietsen Aarm déi 1. Plaz geséchert. Den Alessandro Roman ass an der Kategorie Sub Junior bis 70 Kilo mam rietsen Aarm den 3. ginn.