Déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp kennt mat Irland säin zweete Géigner fir d‘Frëndschaftslännermatcher am Juni.

D‘Rout Léiwe kréien et den 10. Juni am Stade de Luxembourg mat der Ekipp vun der Insel ze dinn. Véier Deeg virdrun spille Laurent Jans a Co. op der nämmlechter Plaz géint Slowenien.

D‘FLF deelt d’Informatiounen iwwert d‘Vente vun den Ticketen zu engem spéideren Zäitpunkt mat.
 
Elo kritt d‘Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz et emol e Samschdeg am Stade de Luxembourg mat Schweden ze dinn an an enger Woch spillt d‘FLF-Formatioun dann zu Sankt Gallen géint d‘Schwäiz.