En Donneschdeg den Owend goufen d'Allersmatcher vun der Véierelsfinall an der Nations League gespillt.

Tëscht Dänemark a Portugal gouf et am Allersmatch eng 1:0-Victoire fir d'Dänen. De Rasmus Højlund huet an der 78. Minutt den eenzege Gol vum Match geschoss.

Däitschland huet iwwerdeems de Match géint Italien gedréint. Den Tonali hat d'Italieener an der 9. Minutt a Féierung bruecht, ier de Kleindienst an de Goretzka an der zweeter Hallschent fir Däitschland markéiert hunn.

Kroatien huet iwwerdeems fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt. D'Ekipp ronderëm de Routinier Luka Modric huet mat 2:0 géint Frankräich gewonnen, dat duerch Goler vum Budimir a Perisic. Dobäi huet de Kramaric nach een Eelefmeter verschoss.

An der leschter Véierelsfinall hunn Holland a Spuenien 2:2 gespillt. D'Gäscht konnten duerch de Williams a Féierung goen. An der Suite hu Gakpo a Reijnders de Match gedréint. An der 93. Minutt huet de Merino de Remis fir d'Spuenier geséchert.

Donieft goufen och d'Allersmatcher vun der Relegatioun vun de Ligaen A/B a B/C gespillt.

All d'Matcher am Iwwerbléck