Diddeleng an Déifferdeng nei Leaderen

© Serge Olmo / RTL
D’Red Boys klappen de Champion Bierchem an Diddeleng gewënnt zu Esch. Käerjeng sammelt um Standard déi éischt Punkten am Playoff.
Um leschte Spilldag vun der Hironn am Playoff halen d’Red Boys Déifferdeng hir Chance op den Titel oprecht. Si gewannen in extremis 33:32 géint den amtéierende Champion Bierchem. Bei enger Néierlag wär et fir déi Rout immens schwéier ginn.
Déifferdeng hat schwéier an de Match fonnt a konnt eréischt no 5 Minutten den éischte Gol markéieren. Bierchem hat do schonn 3 Goler opweises. Tëscht der 7. an 12. Minutt war keng Ekipp mat der voller Unzuel u Spiller um Terrain, wouvun Déifferdeng méi profitéiere konnt an nees op ee Gol erukoum. D’Lokalekipp konnt an der kompletter éischter Hallschent awer ni d’Féierung iwwerhuelen.
Bierchem louch kuerz virun der Paus 3 Goler vir, huet dëse Virsprong awer liichtfankeg bal aus der Hand ginn, well se mat 7 Feldspiller agéiert a vir d’Bäll verluer hunn. Sou koumen d’Red Boys zu einfache Goler. Trotzdeem haten d’Réiserbänner an der Paus mat 18:17 d’Nues vir.
An der 33. Minutt konnt d’Lokalekipp déi éischt Kéier a Féierung goen, déi och bal 10 Minutte gehalen huet. Duerno war Bierchem am Avantage. An der Crunchtime hat Déifferdeng déi méi glécklech Hand, och well Bierchem de leschten Ugrëff schlecht ausgespillt huet an net méi zum Worf koum. Man of the Match war den Déifferdenger Brice Aillaud, dee mat 10 Goler quasi een Drëttel vun de Goler vu senger Ekipp geschoss huet.
Duerch dës Néierlag verléiert Bierchem d’Tabelleféierung un Déifferdeng an Diddeleng, déi sech zu Esch duerchgesat hunn. Bierchem an Déifferdeng treffen Enn Abrëll an der Halleffinall vun der Coupe nees openeen. An natierlech um leschte Spilldag am Mee.
HBD bleift am Playoff ouni Néierlag
Am Duell tëscht dem Rekord-Coupegewënner Esch an dem Rekordchampion Diddeleng stoung et no 60 Minutten 28:24 fir den HBD. Diddeleng bleift domat am Playoff ouni Néierlag an huet weider gutt Chancen op déi éischt Meeschterschaft zënter 2015.
Et war vun Ufank un en enke Match. Diddeleng hat wuel laang de Lead, konnt sech awer ni méi wéi 2 Goler ofsetzen. An der 20. Minutt sollt sech d’Blat wenden: Esch war déi nächst Minutte vir, awer och mat maximal engem Gol, sou dass et mat 15:15 an d’Kabinne goung. Bei de Gäscht hunn d’Etute-Bridder nees ofgeliwwert an am éischten Duerchgang zesummen aacht Goler markéiert.
Bis an d’42. Minutt goung de Match hin an hier, mee duerno konnte sech d’Fiiss mat 3 Goler ofsetzen, wat d‘Virentscheedung war. Esch krut dat Lach net méi zougemaach a geet um Enn als Verléierer vum Terrain. Fir Diddeleng war et e Match géint zwee zukünfteg Neizougäng. An de leschte Wochen hat den HBD matgedeelt, dass de Yann Hippert an de Loris Labonté vum HBE an d’Forge du Sud wiessele wäerten.
Käerjeng klappt de Standard
De Käerjenger Trainer Ben Schuster dierf sech iwwer eng 31:28-Victoire vu senger Ekipp freeën, kann awer net wierklech mat der Leeschtung zefridde sinn. De Standard verpasst op en Neits déi éischt Punkten am Playoff. Fir den HBK ass et déi éischt Victoire am Playoff.
Käerjeng war ganz schlecht an de Match komm an ass bis zur 17. Minutt engem Réckstand hannendru gelaf. Mat engem 3:0-Laf hunn déi Gréng eng éischt Kéier d’Féierung iwwerholl. Uschléissend huet et ausgesinn, wéi wa Käerjeng ewechzéie kéint (13:9 no 24 Minutten), mee ze haseleg an oniwwerluecht Aktioune vun de Gäscht hunn de Standard nees an de Match bruecht. Och hire Golkipp Sédin Zuzo konnt an dëser Phas glänzen.
Nodeems d’Säite mat engem 14:13 aus Käerjenger Siicht gewiesselt goufen, konnt de Standard kuerzzäiteg ausgläichen, mee e 4:0-Laf huet d’Gäscht op d’Gewënnerstrooss bruecht. De Standard koum wuel nach eng Kéier bis op 2 Goler erun, Käerjeng huet de Virsprong awer iwwer d’Zäit bruecht.
Rëmeleng an Dikrech an der Relegatioun virop
An der Relegatioun stinn no der Hallschent vun de Matcher mat Rëmeleng an Dikrech déi zwou Ekippe ganz uewen, déi et an der AXA League net op d’sechst Plaz gepackt haten. Si féieren d’Tabell mat 10:0 respektiv 8:2 Punkte kloer un.
Béid Ekippe stounge sech leschte Mëttwoch géintiwwer, wou Rëmeleng mat 36:32 d’Iwwerhand behalen huet. De Rëmelenger Pit Bettendorf an den Dikrecher Jacek Luberecki hu sech en Duell ëm déi mescht geschoss Goler geliwwert. Dem Luberecki si 14 Goler gelongen, de Bettendorf huet 10 Goler bäigesteiert.
Den Tabellevéierte Péiteng an den Drëtte Leideleng hu sech e Sonndeg 29:28 getrennt. Domat huet Péiteng weiderhin d'Méiglechkeet, ëm den Opstig matzespillen, däerf awer kee Match méi verléieren.
Am Duell tëscht Réiden a Miersch krute béid Ekippen déi éischt Punkten an der Relegatioun. Si hu sech 22:22 getrennt.
Dammen
Et war de virleschte Spilldag an der Placéierungsphas bei den Dammen. Hei konnt Diddeleng déi 36. Victoire hannerteneen (Coupematcher mat abegraff) op nationalem Plang feieren an huet d’Red Boys Déifferdeng doheem mat 23:33 raséiert. Domat konnten déi Rout d'Victoire géint Käerjeng ënnert der Woch net vergëllen.
Den HBD konnt sech fréi ofsetzen a louch no 12 Minutten 10:5 vir. Dëse Virsprong konnten d’Fiiss och mat an d’Kabinnen huelen (18:14). Wie sech an der zweeter Hallschent eng Ophueljuegd vun Déifferdeng erwaart hat, gouf enttäuscht. Diddeleng huet d’Lokalekipp ni wierklech erukomme gelooss a konnt den Ecart an der leschter Véierelstonn nach no uewe schrauwen.
Käerjeng geléngt Turnaround
Käerjeng huet no zwou Néierlagen den Turnaround gepackt a kloer géint Esch gewonnen. No 60 Minutte stoung et 32:22 fir d’Ekipp vum Trainer Dan Mauruschatt. Do sinn och d’11 Goler vun der Escherin Noémie Hoffmann net duergaangen.
Käerjeng konnt sech ab der 11. Minutt e bëssen ofsetzen (7:3), mee Esch war 8 Minutte méi spéit nees drun (8:9), koum awer net zum Ausgläich. Déi Gréng konnte sech bis an d’Paus op 14:10 ofsetzen. Esch blouf och nom Säitewiessel un de Gäscht drun, mee ab der 44. Minutt konnt Käerjeng den Ecart maachen. Der Lokalekipp sinn an de leschten 12 Minutte just nach zwee Goler gelongen, firwat d’Néierlag um Enn sou héich ausgefall ass. No der Déifferdenger Néierlag steet domat fest, dass Käerjeng net méi vun der zweeter Plaz ze verdrängen ass.
Museldall am Playdown un der Tabellespëtzt
Och am Playdown flitt de Ball zënter enger Woch, wou sech entscheet, wien déi lescht zwou Ekippe sinn, déi sech fir d’nächst Saison an der Axa League qualifizéieren. Um 2. Spilldag gouf et eng kleng Iwwerraschung, wéi de Standard de Chev Dikrech 23:22 geklappt huet. Doduerch steet den HB Museldall nom 34:17 géint Réiden eleng un der Tabellespëtzt.