Eng Woch wuelverdéngte Paus fir d'Patrizia van der Weken
En Dënschdeg den Owend spéit ass d'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer um Findel gelant.
D'Patrizia van der Weken huet bannent zwou Wochen zweemol Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen.
D'Lëtzebuergerin hat sech den 9. Mäerz op der Liichtathletik-Indoor-EM Bronze geséchert.
De leschte Weekend koum dunn och nach Bronze op der Indoor-Weltmeeschterschaft dobäi.
Bis ewell war et nach kengem Sportler aus dem Grand-Duché gelongen, fir sech op enger Indoor-EM respektiv -WM eng Medail ze sécheren. Zanter en Dënschdeg den Owend ass d'60m-Leeferin zesumme mat hirem Team zeréck am Grand-Duché.
Erliichtert, erfreet, awer och emotional war d'Arrivée um Findel, wou d'Sprinterin vun hiren Elteren erwaart gouf. Net just wéinst de sportlechen Exploiten, mä och wéinst der 22 Stonne laanger Heemrees, op där d'Sportlerin vum Joer kaum geschlof huet, war si deementspriechend midd, an hat bis elo nach kaum Geleeënheet, sech op de verschiddene Kanäl ëm déi vill Noriichten a Gléckwënsch ze këmmeren. Am RTL-Interview confirméiert si awer, dass de Message vun der Futtballnationalekipp schonn duerchkomm wier a mat engem grousse Merci entgéintgeholl gi wier.
Dem Trainer Arnaud Starck no hate si a China um Moie no der Finall gutt ausgeschlof an dunn d'Méiglechkeet genotzt, fir zu Nanjing e bëssen mam Staff ze feieren. Heiheem wier elo mol fir d'éischt eng Woch laang Paus fir alles ze verdauen, éiert e neie Stage usteet a Pläng fir d'Summersaison gemaach ginn.
Méi iwwer d'Arrivée vum Patrizia van der Weken um Findel den Owend am Journal op RTL Tëlee Lëtzebuerg.