No den Hären ass virun den Dammen. Déi nächst Woch spillt d'Damme-Futtball-Nationalekipp hiren drëtten a véierte Match an der Nations League.

Am Grupp 3 an der Liga C heeschen d’Géigner zweemol auswäerts Armenien a Liechtenstein.

En Donneschdeg de Moien huet den Nationaltrainer Dan Santos säi Kader bekannt ginn. Fënnef nei Gesiichter si par rapport zu deene leschte Rendez-vousen am Februar mat dobäi. D'Gioia Fiorucci däerf sech iwwer hir éischt Selektioun freeën. Zeréck am Kader sinn d'Lisi Oberweis, d'Philippa Costa, d'Emma Thill an d'Nathalie Ludwig.

Aus schoulesche Grënn kann den Nationaltrainer nëmmen am éischte Match op d’Charlotte Schmit zeréckgräifen. Dat selwecht gëllt fir d’Edina Kocan am zweeten Match.

Dat grousst Zil vun Miller, Thompson a Co. ass, et längerfristeg an d’Liga B opzesteigen. Dofir gëllt et awer och, géint de stäerkste Géigner aus dem Grupp 3 aus der Liga C Armenien eng gutt Performance ze weisen.

Lass geet et fir d’FLF-Dammen e Freideg, de 4. Abrëll mat der Partie auswäerts an Armenien. Véier Deeg drop reest d’Ekipp vum Dan Santos dann a Liechtenstein.