Alex Knaff méi wéi zefridden no Tournoien an Thailand

Een ITF-Tennis Tournoi an Thailand gewonnen, eng Finall an eng Halleffinall bei weideren Tournoien do, esou gesäit de Bilan fir den Alex Knaff aus.
Kee Wonner, datt de 27 Joer alen Tennisprofi ganz zefridden nees zu Lëtzebuerg zeréck ass. "Ech hunn nach ni iwwert eng Period vun dräi Wochen esou vill Matcher gespillt an och esou vill Matcher gewonnen. Einfach vum Resultat hier war et richteg gutt. Duerno haaptsächlech sinn ech déck zefridden iwwert meng Performance iwwert all d’Matcher. Ech mengen, ech hu wierklech do e groussen Ënnerscheed gespuert, zemools a menger Attitüd. Ech hu bëssen déi nämmlecht Sensatioune fonnt, déi ech um Davis Cup hat an dat war ëmmer e Problem fir mech, zemools um ITF -Niveau. An dofir, ech si wierklech frou, dass ech deen Honger an einfach deen Niveau weider konnt bréngen, wéi am Davis Cup géint Litauen. An insgesamt war et einfach eng mega Erfarung an Thailand. Dat war en neit Land fir mech, eng ganz aner Kultur. Ech hunn och en Äerdbiewen zum Schluss erlieft."
Op perséinlechem Plang war et an Thailand och eng ganz interessant Erfarung, esou den Alex Knaff, deen déi ganz Period vu sengem Trainer Gilles Muller begleet gouf. Lo ass de 27 Joer ale Profi awer emol zeréck am Land. An zwou Woche geet et dann awer weider mat engem ITF-Tournoi an Tunesien.