Am nationale Futtball-Championnat bleiwen nach aacht Spilldeeg an den Ament ass et fir déi europäesch Plaze richteg spannend.

Aktuell steet Hesper op der drëtter Plaz a wier deemno fir d‘Conference League qualifizéiert. De Swift riskéiert awer, genee wéi d‘lescht Saison, nees keng UEFA-Lizenz ze kréien. Ee Krittär, fir esou eng Lizenz ass, datt ee bis de Stéchdatum vum 31. Mäerz muss virleeën, datt een d‘Salairë vum Personal bis Februar inclus bezuelt hätt. RTL-Informatiounen no wier dëst um Holleschbierg awer net de Fall. Eisen Infoen no feelen d‘Salairë vun de Méint Januar, Februar an och aktuell Mäerz.

Och wat Payementer géintiwwer de sozialen a steierlechen Administratiounen ugeet, steet vu Säite vum Swift Hesper nach eng gréisser Zomm op.

Den Dossier, fir eng UEFA-Lizenz unzefroen an accordéiert ze kréien, muss bis de 24. Abrëll der FLF virleien.

D‘lescht Saison haten nieft Hesper och d‘Jeunesse, Péiteng a Schëffleng (deemools nach an der BGL Ligue) keng UEFA-Lizenz kritt.